Réckbléck Révélations 2019

03/06/2019

Déi 4. Editioun vun der internationaler Biennale „Révélations“ iwwer d’Konschthandwierk an d’Kreatioun ass e Sonnden, de 26. Mee, op en Enn gaangen. D’Evenement war e reegelrechte Succès, wéi d’Unzuel u Visiteuren, Kreateuren a Stänn am Grand Palais beweist. Lëtzebuerg, Éiereland vun dëser Editioun, huet d’Energie vu senger kultureller Identitéit an de Räichtum vu senger zäitgenëssescher Konscht gefeiert. Ënnerstëtzt vun der Associatioun De Mains De Maîtres Luxembourg, huet de Grand-Duché dem franséische Public d’Exzellenz vu sengen Talenter, d’Diversitéit vu senge Materialer, senge Gesten a Savoir-faire presentéiert, unhand vun enger Selektioun vu lëtzebuergeschen Handwierker an Designer.

De Grand Palais war eng wonnerschéi Kuliss fir d’Ausstellung an hir Wierker, a schaaft en ureegend Klima vun neie professionellen Opportunitéiten. E Mëttwoch, den 22. Mee, konnten d’Sammler, d’Galeristen an aner Prescripteuren, an och d’Press, en exklusive Virgeschmaach op all dat kréien, wat d’Biennale ze bidden huet. Déi international Kënschtler knëppen esou wichteg Lienen, Verkeef an eenzegaarteg Collaboratiounen.

D’Transmissioun vum Wëssen an d’Diskussioun iwwer d‘Zukunft ass och e wichtegt Element vun der Biennale. Wärend 5 Deeg goufe verschidden Atelieren, Seminären, Konferenzen an Entretienen organiséiert, fir de Kënschtler an de Representanten ze erlaben, iwwer d’Aktualitéitsfroen am Beräich vun der Konscht ze diskutéieren.

An enger Table ronde, déi vum Här Tom Wirion, Generaldirekter vun der Chambre des métiers, organiséiert a vun der Madamm Maggie Steffen animéiert gouf, hu verschidden talentéiert Kreateuren iwwer hir Aktivitéite vun haut a muer zu Lëtzebuerg diskutéiert, virum Hannergrond vun der Entwécklung vun den Techniken op engem Marché, dee sech weider mondialiséiert.

De Vernissage

D’Biennale hat mëttwochs, den 22. Mee, owes hir Dieren opgemaach, dat a Presenz vun HH.KK.AA. dem Groussherzog Henri an der Groussherzogin Maria Teresa an HH.KK.AA. dem Ierfgroussherzog an der Ierfgroussherzogin, déi déi éischt grouss Ausstellung fir Handwierker a Kreateuren zu Lëtzebuerg am Dezember 2016 an d’Liewe geruff haten.

D’groussherzoglech Delegatioun war vun der Madamm Sam Tanson, Kulturministesch, an dem Här Lex Delles, Minister fir de Mëttelstand, begleet ginn, déi de Public an hiren Discoursen drun erënnert hunn, wéi wichteg d’Kreatioun an d’Erhale vum Savoir-faire sinn.

De Parcours „Hors Les Murs“

A Partnerschaft mat 14 ëffentlechen a private Paräisser Plazen gouf e Parcours „Hors les Murs“ kreéiert.

D’Lëtzebuerger Handwierker goufen am prestigiéise Kader vun der Residence vun der Lëtzebuerger Ambassade um Champs de Mars presentéiert, an och an de Vitrinne vun der  Librairie Galignani beim Jardin des Tuileries.

 

D’Zukunft

 

2020 fënnt déi 3. Editioun vun der Biennale De Mains De Maitres statt. Op en Neits wäerte Professioneller, Visiteuren a Partner zesummefannen, fir eng exzeptionell Sammlung an en Dialog ze schafen, deen d’Bedeitung vun der Konscht- a Konschthandwierkswelt ënnersträicht.

E puer wichteg Zuelen

4. Editioun

37.522 Visiteuren

500 Kreateuren

33 Länner

Réckbléck Révélations 2019
Réckbléck Révélations 2019

Hutt Dir eng Fro iwwer d'Associatioun "De Mains De Maîtres Luxembourg"?

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter