Nilton Cunha
Nilton Cunha

“Fir hien ass d’Sëlwer ze schmidden e stännege Prozess vun Transformatioun, fir eng Intuitioun zum Material z'entwéckelen, fir esou déif ewéi méiglech an d’Material ze penetréieren. ”

Nilton Cunha

A Brasilien gebuer an an d’Belsch emigréiert, ass de Nilton Cunha staark beaflosst vun der Fusioun vun dësen zwou Kulturen, déi seng Inspiratiounsquell bilden. Säi kreative Prozess ass d'Resultat vun engem intuitive Prozess mat engem Moment vu Reflexioun. Nieft sengem ganz héijen Niveau vu Finitioun, erkennt en dem Nilton seng Aarbecht duerch d'Verwäertung vun neie Materialien, wéi Corian, an u sengem innovative Stil, wou Design, Technik an Inhalt sech zu enger Form vereenegen . Fir hien ass d’Sëlwer ze schmidden e stännege Prozess vun Transformatioun, fir eng Intuitioun zum Material z'entwéckelen, fir esou déif ewéi méiglech an d’Material ze penetréieren. D'Konture vum Metall schafen eng gräifbar Spannung, well de Nilton d'Spill vu Schiet a Liicht perfekt beherrscht. Mat grousser Suergfalt gëtt d’Matière première verschafft, woubäi déi schlicht Formen  eng absolut Beherrschung vum Handwierk verlaangen.

 

PHOTO: ©Romy Tembuyser
LES QUATRE VENTS, schaal, 2009, silver 925

PHOTO: ©Romy Tembuyser LES QUATRE VENTS, schaal, 2009, silver 925

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter