Kim-Jung Vu
Kim-Jung Vu

“ Kim-Jung mécht seng Emotiounen an seng Impressioune vum Bijou / Objet.”

Kim-Jung Vu

 

D'Kim-Jung VU, vietnamesescher Ofstamung, ass zu Paräis gebuer, wou si hir Kandheet verbréngt, ier si sech am Grand-Duché installéiert. No hire Studien an der Innenarchitektur op der Académie Royale des Beaux-Arts zu Bréissel fänkt si 1991 an engem Architektebüro u mat schaffen, an zwee Joer méi spéit geet si op d' Koninklijke Academie voor Schone Kunsten Antwerpen, fir Bijousdesign ze studéieren. Mat hirem neien Diplom an der Täsch verbënnt si zwou kënschtleresch Passiounen a schafft zënter 1997 als Innenarchitektin a Bijousdesignerin.

D'Kim-Jung dréckt hir Emotiounen an Impressiounen duerch d'Kreatioun vun Objeten a Bijouen aus, déi Eenzelstécker oder Stécker vu klenge Kollektioune sinn. Duerch hir minutiéis Aarbecht grad ewéi duerch d'Kombinatioun vu verschiddene Materialie wéi Sëlwer, Gold, Holz, Steen, Pabeier, Eeërschuelen asw. entsti prestigiéis Piècen. Si hëlt u ville Konscht- an Designausstellungen an Däitschland, der Belsch, Éisterräich, Italien, Holland, Japan, Taiwan a Lëtzebuerg deel.                                                      


 

PHOTO: ©Kim-Jung Vu
Floraison et Pétale, 2014, Argent 925, martelage, emboutissage,
forgeage, 23 x 8 x 3 ,5 cm par baguette et 7 x 4 ,5 x 1,5 cm,
pièces uniques

PHOTO: ©Kim-Jung Vu Floraison et Pétale, 2014, Argent 925, martelage, emboutissage, forgeage, 23 x 8 x 3 ,5 cm par baguette et 7 x 4 ,5 x 1,5 cm, pièces uniques

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter