Serkan Cura
Serkan Cura

“Am Serkan Cura seng Kollektioune fënnt een haut eegenaarteg Silhouetten.”

Serkan Cura

De Serkan Cura ass an der Belsch gebuer, Hie lieft  a schafft haut zu Paräis.Dësen aussergewéinleche Moudeschëpfer krut 2007 säin Diplom op der Académie vun Antwerpen, enger Institutioun, wou hien d’Fräiheet hat, seng verrécksten Dreem ze realiséieren. Seng berufflech Erfarungen huet hien an de Coutures-  a Prêt-à-porters-Ateliere gemaach, ënner aneren deem vum berühmte Jean-Paul Gaultier, wou hie véier Joer laang geschafft huet an “all d’Wënsch an d’Fantasme vun engem vun de gréisste Genië vun der Moudewelt” ausgeféiert huet.


Am Serkan Cura seng Kollektioune fënnt een haut eegenaarteg Silhouetten, déi un dat Absurd grenzen, strukturéiert  an iwwerdimensionéiert Jacketten oder iwwerdriwwe laang Juppen. Hien huet sech zënter e puer Joer an der Aarbecht mat der Fieder spezialiséiert, woubäi en seng eegen Techniken erfonnt huet.. Säi leschten Defilé war eng reegelrecht  Revue, wou hien d’Fieder an all hire Forme gewisen huet an esou d’Grenze vun der Kreatioun fir dat Material nei definéiert huet.

PHOTO: © Bérengère Valognes
Robe sculpture de pennes,
collection Automne/Hiver 2016-2017

PHOTO: © Bérengère Valognes Robe sculpture de pennes, collection Automne/Hiver 2016-2017

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter