Conseil d'Administration :

Prinzessin Stéphanie
Éiere-Presidentin :

Prinzessin Stéphanie

H.K.A. Prinzessin Stéphanie, Ierfgroussherzogin vu Lëtzebuerg

Här  Roland Kuhn
President :

Här Roland Kuhn

Direkter vu KUHN S.A.

Mme Françoise Thoma
Tresorier :

Mme Françoise Thoma

Generaldirekter a President vum Verwaltungsrot vun der Spuerkeess

Här Tom Wirion
Generalsekretär:

Här Tom Wirion

Generaldirekter vun der Chambre des Métiers vu Lëtzebuerg

De Mains De Maitres 2016

Erhale vum Konschthandwierk vum Grand-Duché

D’Zil vun der Associatioun „De Mains De Maîtres“ ass et, d’Iddi, eng grouss Ausstellung am Häerz vu Lëtzebuerg z‘organiséieren, déi 2016 vun der Ierfgroussherzogin initiéiert gouf, virunzedreiwen a weider z’entwéckelen. Op dësem Wee sollen d’Kënschtler an d'Konschthandwierker, déi hei zu Lëtzebuerg an och an der Groussregioun aktiv sinn, zesummebruecht ginn.

Déi éischt Missioun vun der Associatioun ass et, der Ausstellung „De Mains De Maîtres“ eng fest Plaz ze ginn an se esou zu enger reegelrechter „Biennale vum Konschthandwierk“ ze maachen, déi uechter ganz Europa Brécken tëscht den Acteure schaaft an déi iwwer d’Grenzen eraus bekannt gëtt.

D’Associatioun « De Mains De Maîtres Luxembourg » gesäit sech awer och dozou beruff, d’Konschthandwierk vu Lëtzebuerg an d’Wëssen, wat domatter verbonnen ass, ze exportéieren. Niewent der Ausstellung, déi all zwee Joer zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt, bitt d’Associatioun all Joer enger Rei Lëtzebuerger Konschthandwierker d’Méiglechkeet, sech am Ausland am Kader vu groussen Ausstellungen an europäeschen Haaptstied, op Ambassaden oder anere prestigiéise Plazen ze presentéieren.

Fir d’Erhale vum Handwierk an dem Savoir-faire, dat dozou gehéiert, huet d’Associatioun eng „Bourse d’Excellence“ geschaf. Dës soll zukünftegen, mee och schonn etabléierte Kënschtler d’Méiglechkeet bidden, hiert Handwierk am Ausland weider ze perfektionéieren. Dës Bourssen, déi reegelméisseg ausgestallt ginn, ginn deelweis mam Erléis vun den Ausstellunge finanzéiert, op deenen all d’Wierker, déi presentéiert ginn, och kënne kaf ginn.

Doduerch wëll d'Associatioun „De Mains De Maîtres“ eng dreiwend Kraaft fir d‘Erhalen an d'Entwécklung vum Lëtzebuerger Konschthandwierk ginn, dëst souwuel hei am Land, wéi iwwer d’Grenzen eraus, uechter ganz Europa an an  Zukunft och op internationalem Niveau.

De Mains De Maitres 2016

Kommt eis f ir d'Lëtzebuerger Associatioun ze ënnerstëtzen

Kontaktéiert eis
  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter