Biennale „De Mains De Maîtres Luxembourg“ - Lancement vun der 3. Editioun - vum 26. bis den 29. November 2020

27/11/2019

Rendez-vous de 26. November 2020 am Häerz vu Lëtzebuerg fir en neit grousst Evenement, dat dem Konschthandwierk an dem aussergewéinleche Savoir-faire gewidmet ass, a wou iwwer sechzeg Konschthandwierker, déi zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun aktiv sinn, an eng Selektioun vun europäeschen Talenter, Kreateuren, Atelieren a Manufakturen, déi speziell fir dës Geleeënheet invitéiert goufen, zesummefanne wäerten.

Zil vun dëser drëtter Editioun vun der Biennale „De Mains De Maîtres“ ass ze weisen, wat d’Konschthandwierk hautdesdaags ze bidden huet: En Universum, wou Konscht an Handwierk openeen treffen, dat lieweg a modern ass duerch d’Transmissioun vum Geste an duerch déi stänneg Recherche no Innovatioun.

Dës nei Editioun soll als Momentopnam vun der Kreatioun an der handwierklecher Produktioun zu Lëtzebuerg an an Europa ze verstoe sinn, a wäert sécherlech och dës Kéier nees an nach méi wéi 2018 an de Muséeën, den Atelieren an de Galerië vun der Stad Lëtzebuerg ze fanne sinn an e reegelrechte Parcours vun Entdeckungen a Kuriositéiten duerstellen.

De Jean-Marc Dimanche, Kommissär vun der Ausstellung, huet d’Editioun 2020 ënner d’Thema „Viv(r)e la Matière“ gestallt, en Hommage un de Geste an de Geescht. D’Zil ass, all Zort vu Public dat Raarst an dat Schéinst vum Konschthandwierk ze presentéieren.

Wéi schonn 2018, wäert och d’Editioun 2020 erëm an den Ausstellungsgalerien an an de prestigiéise Salone vum 19 Liberté op e puer Etagë vum Gebai verdeelt ze fanne sinn. Dëst Joer empfänkt d’Biennale och renomméiert europäesch Schoulen, deenen et och haut nach um Häerz läit, d’Transmissioun vum Savoir-faire ze erhalen, fir datt eis formidabel Liewenskonscht weiderlieft.

Biennale „De Mains De Maîtres Luxembourg“ - Lancement vun der 3. Editioun - vum 26. bis den 29. November 2020

En aktive Soutien fir d’Konschthandwierk

Nom Succès vun der éischter grousser Ausstellung iwwer d’Konschthandwierk am Dezember 2016 am 19 Liberté an an der Optik, de Kënschtler an de Konschthandwierker ze hëllefen, hir Beruffer ze erhalen, gouf op Initiativ vum Ierfgroussherzog Guillaume an der Ierfgroussherzogin Stéphanie, an Zesummenaarbecht mat der Chambre des Métiers vu Lëtzebuerg, der Spuerkeess an dem Här Roland Kuhn am Mee 2017 d’Associatioun „De Mains De Maîtres Luxembourg“ an d’Liewe geruff. 

Déi éischt Missioun vun der Associatioun ass et, der Ausstellung „De Mains De Maîtres“ eng fest Plaz ze ginn an se esou zu enger reegelrechter „Biennale vum Konschthandwierk“ ze maachen, déi uechter ganz Europa Brécken tëscht den Acteure schaaft an déi iwwer d’Grenzen eraus bekannt gëtt.

Biennale „De Mains De Maîtres Luxembourg“ - Lancement vun der 3. Editioun - vum 26. bis den 29. November 2020

Präisser, déi d’Talenter auszeechnen

No dem Evenement ginn zwee Präisser fir d’Qualitéit, d’Aarbecht an de Savoir-faire ënnert de lëtzebuergesche Konschthandwierker, déi op der Biennale ausgestallt hunn, iwwerreecht. Beim éischte Präis, dem „Prix RTL“, stëmmt de Public of, den zweeten, de „Prix du Jury Fondation Leir“, gëtt vun de Membere vum Comité verginn.

Mam „Prix du Jury Fondation Leir“ ënnersträicht déi karitativ Fondatioun hir Ënnerstëtzung un „De Mains De Maître Luxembourg“, déi, mat engem Hommage un dat lëtzebuergescht Handwierk, genau de Geescht an de Savoir-faire inkarnéiert, déi den Henry J. an d’Erna D. Leir zu hirer Liewenszäit inspiréiert hunn.

Hutt Dir eng Fro iwwer d'Associatioun "De Mains De Maîtres Luxembourg"?

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter