Bilan Editioun 2018 - Biennale De Mains De Maîtres

11/12/2018

Déi 2. Editioun vun De Mains De Maîtres huet hir Stellung als europäesch Biennale vum Konschthandwierk confirméiert an en Evenement vun enger neier Dimensioun zu Lëtzebuerg proposéiert.

Vu mëttwochs, den 28. Januar, bis sonndes, den 2. Dezember 2018, huet d’Manifestatioun iwwer 12.000 Visiteuren an d’Stad Lëtzebuerg gelackelt.

Vu Keramik bis Glas, iwwer Textilskulptur, d’Verschaffe vu Metall oder Bëtong, Konschtschräinerei, Haute Couture, Dréckerei, Gravuren an nach vill aneres – eng temporär an aussergewéinlech Sammlung mat méi wéi 300 Wierker, duerch déi d’Talent vun dëse Konschthandwierker, déi d’Matière subliméieren, entdeckt oder erëm entdeckt konnt ginn.

Mam Thema „Gestes et Merveilles“ huet d’Ausstellung eng sechzeg lëtzebuergesch Handwierker a Konschtschafend begréisst, niewent der franséischer Selektioun vun den Ateliers d’Art de France, den Éieregaascht, belschen an däitschen Artisten, an e puer wonnerschéine Realisatioune vu Kënschtler an Designer an Zesummenaarbecht mat dem Savoir-faire vun internationale Manufakturen.

D’Qualitéit vun de Wierker huet déi vill Visiteuren begeeschtert an iwwerrascht an d’Vitalitéit an d’Modernitéit vun der Transmissioun vum Geste an déi konstant Recherche no Kreatioun an Innovatioun affirméiert. Dem Generalkommissär, dem Jean-Marc Dimanche, no „verstoppe sech an der Intelligenz vum Geste an an der Preziositéit vun de Matièren ëmmer eppes Wonnerbares a mysteriéis Aventuren, déi sech beim Kucken oder Upaken entfalen, an déi all Konschtschafenden ënnerschwelleg verschafft, fir eis deen Ament ze iwwerraschen, wou d’Wierk gewise gëtt a sech selwer iwwerlooss ass.“

Déi wichtegst Zuelen:

2. Editioun vun der Biennale

> 12.000 Visiteuren

32 Lycéesklassen

5 spannend Deeg

2.400 m2 Ausstellung

116 Medieresonanzen an der nationaler an internationaler Press & 9 Reportagen

 

Eng gutt gefëllte Programmatioun:

320 Konschtwierker

92 Artisten & 7 Manufakturen

1 Éieregaascht, d’Ateliers d’Art de France

1 Parcours „Hors les Murs“ fir d’Experienzen op e puer emblematesche Plaze vun der Stad Lëtzebuerg ze verlängeren: 6 Muséeën a Konschtzentren, 4 Atelieren & 9 Galerien

© Cour grand-ducale / Charles Caratini

Echos dans la presse :

« Avec « De Mains De Maîtres » le grand-duché du Luxembourg salue pour la deuxième fois le savoir-faire des artisans d’art. Cette Biennale des métiers d’art réserve quelques jolies surprises. »

Connaissance des Arts , 29.11.2018

« A major exhibition dedicated to artisans and art creators — from concrete sculptors to fashion designers, glassmakers, painters and more — has been held for the second time in Luxembourg. »

Euronews, 2.12.2018
 
 
« C’est un voyage onirique vers ce qu’artistes et artisans luxembourgeois font de mieux, qui est proposé jusqu’à ce dimanche inclus, au 19 Liberté, l’ancien Palais de l’Arbed réinvesti par la Spuerkeess. »

L’Essentiel Luxembourg, 1.12.2018

« Ce millésime 2018 «De Mains De Maîtres » rassemble une soixantaine d’artisans et artistes du Luxembourg, ainsi que des créateurs, des ateliers et manufactures européens. »

Paris Match, 5.12.2018

Les Métiers d’Art au cœur des missions "De Mains De Maîtres Luxembourg"

Hutt Dir eng Fro iwwer d'Associatioun "De Mains De Maîtres Luxembourg"?

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter