De Mains De Maîtres - Biennale 2018 Catalogue de l'exposition

DE MAINS DE MAÎTRES | 179 Allemagne De Sam Tho Duong ass am Vietnam gebuer, mee ass spéider an Däitschland geplënnert, wou seng Kënschtlercarrière sech entwéckelt huet. Den Duong inspiréiert sech ganz vill un natierleche Materialien, hiren Texturen an hire Formen. Wann een an dem Artist seng Wunneng erakënnt, ass direkt kloer, dass Planzen en Haaptbestanddeel vu sengem Liewe sinn. Hien huet seng éischt Aarbecht mat der Ingwerwuerzel ugefaangen a schafft haut mat enger grousser Gamm vu Planzen a Grouwen, integréiert awer doran zousätzlech Materialie wéi Vernis, Edelsteng an Edelmetaller. Doraus entsti Wierker, déi d'Originalform vum natierleche Material a Valeur setzen an dobäi eng nei dekorativ Funktioun kréien. Säi Virwëtz ass eréischt da gestëllt, wann hien e Material komplett exploréiert huet an et vu sengen alldeeglechen Associatioune befreit huet. Den Duong huet als Designer schonn dacks Präisser kritt. Hie schafft weider gläichzäiteg u verschiddenene Projete, wat him an de Materialien d'Zäit gëtt, sech nach weider ze entwéckelen. Sam Tho Duong est né au Vietnam mais a déménagé en Allemagne où sa carrière artistique s'est développée. Duong s'inspire beaucoup des matériaux naturels, de leurs textures et de leurs formes. En entrant dans l'appartement de l'artiste, il devient évident que les plantes font partie intégrante de sa vie. Commençant son premier travail artistique sur la racine de gingembre, il travaille aujourd'hui avec une vaste gamme de plantes et de noyaux tout en intégrant des matériaux supplémentaires tels que vernis, pierres précieuses et métaux précieux. Il en résulte des œuvres qui mettent en valeur la forme originale du matériau naturel tout en atteignant une nouvelle fonction décorative. Sa curiosité n'est satisfaite que lorsqu'il a pleinement exploré un matériau et l'a libéré de ses associations quotidiennes. Duong est un designer primé à plusieurs reprises et continue à travailler sur plusieurs projets en même temps, ce qui lui donne le temps, à lui et aux matériaux, de se développer davantage. Sam Tho Duong was born in Vietnam but moved to Germany where his artistic career developed. Duong is greatly inspired by natural materials and their textures and shapes. Upon entering the artist’s apartment, it becomes clear that plants are integral to his life. Starting his first artistic work with the ginger root, he now works with a vast array of plants and pits whilst integrating additional materials such as varnish, gemstones and precious metals. The results are works that showcase the original shape of the natural material whilst attaining a new decorative function. His curiosity is only satisfied when he has fully explored a material and freed it from its everyday associations. Duong is a multi-award winning designer and continues to work on several projects at the same time, allowing himself and the materials time to develop further. Sam THO DUONG PHOTO: ©Jill Kimmling

RkJQdWJsaXNoZXIy MjIyNDg=