Remise vun de Bourssen 2019

06/12/2019

E Freideg, de 6. Dezember 2019, hunn HH.KK.AA den Ierfgroussherzog an d’Ierfgroussherzogin zesumme mam Här Lex Delles, Minister fir de Mëttelstand, dem Här Jo Kox, Premier Conseiller de Gouvernement am Kulturministère, an dem Här Roland Kuhn, President vun der Associatioun, d’Bourssen De Mains de Maîtres 2019 un dräi Kënschtler verginn, déi fir hir professionell Weiderbildungsprojeten, déi si am Kader vum Opruff fir Kandidaturen, deen dëst Joer am Mäerz lancéiert gouf, agereecht haten, selektionéiert goufen.

D’Doris Becker ass eng lëtzebuergesch Keramikerin. D’Thema vun hirer aktueller Aarbecht „Origins“ ass d’Ee, Symbol vun der Kreatioun, der Produktivitéit, der Reproduktioun, der Gebuert an dem neie Liewen. Si wëll sech mat enger Residence am JDZ-JCI Ceramic Institute zu Jingdezhen a China neien Erausfuerderunge stellen a méi grouss Keramikskulpture realiséieren bzw. weider Recherchen iwwer d’Rieder, d’Réng, d’Möbiusschleef maachen … an den Austausch mat anere Kënschtler favoriséieren.

D’Anne-Claude Jeitz, gebuer zu Esch-Uelzecht, schafft zanter 13 Joer mat Glas. Hir delikat Skulpturen, déi u Spëtzt erënneren, ginn duerch verschidden Technike realiséiert, dorënner och de Filage. D’Anne-Claude Jeitz, déi nei Horizonter entdecke wëll, huet de Wonsch, sech an der Glasbléiserei um Chalumeau beim Jörg Hanowski, a sengem Atelier zu Witten an Däitschland, ze forméieren.

D’Ellen van der Woude verschafft d’Keramik zanter 12 Joer. Hiert Wierk stellt sech aus eenzegaartege Piècen zesummen, déi all op der Hand realiséiert gi sinn. Andeem si d’Limitte vum Buedem an dem Parzeläin erausfuerdert, kreéiert si delikat a fantasievoll Skulpturen, déi un Anemonen, Séiigelen a Korallen erënneren. Si stellt sech selwer nei Erausfuerderungen, andeem si nei Techniken am Kader vun enger Formatioun am Quebec léiert, fir méi grouss Wierker realiséieren ze kënnen.

De Succès vun den zwou Editiounen „De Mains De Maîtres“, eng Manifestatioun, déi am Dezember 2016 op Initiativ vun H.K.A der Prinzessin Stéphanie an d’Liewe geruff ginn ass, fir de grousse Savoir-faire vun de Kreateuren a Konschthandwierker vu Lëtzebuerg ervirzehiewen, huet d’Subventioun vun dëse Boursse mam Erléis duerch de Verkaf vun den ausgestallte Konschtobjeten erméiglecht.

Mir erënneren drun, datt eng éischt Bourse un d’Sarah Meyers, eng Textilkënschtlerin a Keramikerin, goung, déi sech a China am Verschaffe vun der Faarf op Porzeläin spezialiséiert.

De Mains De Maîtres verfollegt seng Promotiouns- a Valorisatiounspolitik vum Konschthandwierk an huet sech Enn 2019 ënnert engem neie Format vu „Galerie“ am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg ausgestallt, mat enger neiaarteger Selektioun vu Wierker a raren Objete vun de beschte Konschthandwierker aus dem Grand-Duché.

 

 

Remise vun de Bourssen 2019
Remise vun de Bourssen 2019

Hutt Dir eng Fro iwwer d'Associatioun "De Mains De Maîtres Luxembourg"?

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter