Know-how made in Luxembourg zu Paräis

19/04/2017

Uschléissend un de Succès vun der Ausstellung „De Mains De Maîtres“ huet sech de Lëtzebuerger Savoir-faire ëm d‘Konschthandwierk am Mee 2017 zu Paräis am Grand Palais presentéiert.

Fir déi éischte Kéier iwwwerhaapt huet Lëtzebuerg zu den eelef Länner gehéiert, déi vum Salon „Révélations“ invitéiert goufen.

Dës international Biennale fir Konschthandwierk an zäitgenëssesch Kreatioune stellt déi spektakulärste Wierker vum Konschthandwierk aus der ganzer Welt aus an ass deemno eng wichteg Austauschplattform fir Konschthandwierker, Konschtkenner a Konschtfrënn.

Aacht Kënschtler hu Lëtzebuerg vertrueden an hir Wierker bei der Ausstellung „Le Banquet“ ausgestallt. Néng Kënschtler, dat heescht néng Talenter, vill Savoir-faire a Vilfalt, well Konschtwierker aus de Beräicher Keramik, Glas a Moud, oder och aus dem Verschaffe vun Holz, Filz a Stee goufe gewisen.

De Public konnt d’Aarbecht vun aacht Konschtschafende bewonneren, déi den Ausstellungs-Kommissär Jean-Marc Dimanche, ënnert deene Kënschtler, déi bei „De Mains De Maîtres“ am Dezember 2016 zu Lëtzebuerg ausgestallt haten, erausgesicht huet.

 Know-how made in Luxembourg zu Paräis

Hutt Dir eng Fro iwwer d'Associatioun "De Mains De Maîtres Luxembourg"?

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter