D’Lëtzebuerger Konschthandwierk zu Bréissel

24/10/2017

Eng 15 Lëtzebuerger Kënschtler a Konschthandwierker hunn hir lescht Wierker zu Bréissel am Kader vun enger duebeler Ausstellung presentéiert.

En éischten Deel gouf am November bei Geleeënheet vun den „Nocturnes du Sablon“ an der Galerie Lin Detaille ageweit, an huet lëtzebuergesch a belsch Kënschtler mat groussem Savoir-faire ronderëm déi schéinste Materialien zesummebruecht.

An enger zweeter Phas gouf am Dezember eng Kollektioun vun aussergewéinleche Wierker vun deene selwechte Kënschtler, mee vu méi groussem Format, an der Lëtzebuerger Ambassade zu Bréissel virgestallt.

D’Lëtzebuerger Konschthandwierk zu Bréissel

Hutt Dir eng Fro iwwer d'Associatioun "De Mains De Maîtres Luxembourg"?

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter