D’Lëtzebuerger Konschthandwierker zu Bréissel

24/10/2017

Nodeems d’Ausstellung „De Mains De Maîtres“ am Dezember 2016 e grousse Succès zu Lëtzebuerg kannt huet, konnt se am Mee 2017 beim Salon „Révélations“ am Grand-Palais zu Paräis an am Hierscht vum selwechte Joer zu Bréissel glänzen.

Eng 15 Lëtzebuerger Kënschtler a Konschthandwierker konnten hir rezentste Wierker ënner dem Patronage vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel ausstellen, déi decidéiert haten, hiren Engagement zu Gonschte vun de Lëtzebuerger Konscht- a Kreativberuffer iwwer d’Grenze vum Land eraus virunzeféieren.

Eng éischt Ausstellung gouf den 23. November 2017 bei Geleeënheet vun den „Nocturnes du Sablon“ an der Galerie Lin Deletaille ageweit an huet lëtzebuergesch a belsch Kënschtler mat groussem Savoir-faire ronderëm déi schéinste Materialien zesummebruecht.

Eng zweet Ausstellung gouf de 7. Dezember 2017 an der Lëtzebuerger Ambassade zu Bréissel inauguréiert an huet eng Kollektioun vun aussergewéinleche Wierker vun engem méi grousse Format virgestallt. Keramik, Bronze, Bijouen, Goldschmatthandwierk, Glaskonscht, Skulpturen aus Pabeier, Kartong, Steen an Holz, Wierker aus Filz a Plommen hunn eng Rei vu raren a wäertvollen Talenter zesummebruecht, déi all Dag op en Neits mat hirer Konscht verschéineren.

Den Här Jean-Marc Dimanche, Kommissär vun der Ausstellung, war, zesumme mat der Madame Lin Deletaille, zoustänneg fir d’Selectioun vun de Kënschtler a Wierker.

Déi verschidden Ausstellungen, déi op zwou verschiddene Plazen zu zwee verschiddene Momenter stattfonnt hunn, waren e reegelrechte Parcours duerch déi zäitgenëssesch Kreatioun.

Eng éischt Ausstellung gouf den 23. November 2017 bei Geleeënheet vun den „Nocturnes du Sablon“ an der Galerie Lin Deletaille ageweit an huet lëtzebuergesch a belsch Kënschtler mat groussem Savoir-faire ronderëm déi schéinste Materialien zesummebruecht.

Eng zweet Ausstellung gouf de 7. Dezember 2017 an der Lëtzebuerger Ambassade zu Bréissel inauguréiert an huet eng Kollektioun vun aussergewéinleche Wierker vun engem méi grousse Format virgestallt. Keramik, Bronze, Bijouen, Goldschmatthandwierk, Glaskonscht, Skulpturen aus Pabeier, Kartong, Steen an Holz, Wierker aus Filz a Plommen hunn eng Rei vu raren a wäertvollen Talenter zesummebruecht, déi all Dag op en Neits mat hirer Konscht verschéineren.

Den Här Jean-Marc Dimanche, Kommissär vun der Ausstellung, war, zesumme mat der Madame Lin Deletaille, zoustänneg fir d’Selectioun vun de Kënschtler a Wierker.

D’Lëtzebuerger Konschthandwierker zu Bréissel

Hutt Dir eng Fro iwwer d'Associatioun "De Mains De Maîtres Luxembourg"?

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter