Meilleurs voeux 2022 !
10/01/2022
De Mains De Maîtres Luxembourg vous présente ses meilleurs voeux pour 2022
Méi Info
Déi nei Editioun vun der Ausstellung “De Mains De Maîtres“ wäert vum 28. November bis den 3. Dezember 2018 ewéi virun 2 Joer am prestigiéise Gebai „19 Liberté“ vun der Spuerkeess ze fanne sinn. D’Ausstellung huet fir dës Editioun een Thema; dëst ass "Gestes et Merveilles".
E grousse Succès hat den Opruff 2018 ronderëm d'Thema "Gestes et Merveilles" mat ronn 130 Dossieren a wéi bei der éischter Editioun, enger grousser Vilfalt un Talenter a Savoir-faire. No passionéierten Diskussioune si ronn 60 Projete fir dës Editioun preselectionnéiert ginn.
Merci fir déi vill Projeten, déi eragereecht gi sinn: D'Editioun 2018 wäert de Public net manner begeeschtere wéi d’Editioun vun 2016!
Nom Succès vun der grousser Ausstellung am Dezember 2016 am 19 Liberté an an der Optik, de Kënschtler a Konschthandwierker ze hëllefen, hir Beruffer z’erhalen an hinnen eng Plattform ze schafen, gouf op Initiativ vun der Ierfgroussherzogin Stéphanie, an Zesummenaarbecht mat der Chambre des Métiers vu Lëtzebuerg, der Spuerkeess an dem Här Roland Kuhn d’Associatioun „De Mains De Maîtres Luxembourg“ an d’Liewe geruff.
Hutt Dir eng Fro iwwer d'Associatioun "De Mains De Maîtres Luxembourg", eis Ausstellungen, eis Bourssen?
Adresse
2, Circuit de la Foire Internationale
L-1347 Luxembourg
E-mail: info@demainsdemaitres.lu
Tel: +352 621 658 953