

“Aus dëser zauberhafter Theaterwelt sinn d'Marionette vun den Draachen entstanen.”
Joey Adam
D'Joey Adam, gebuer 1972, mat Lëtzebuerger Originnen, ass eng ganz polyvalent Kënschtlerin, déi gär mat der Diversitéit vun de Materialien experimentéiert. Mat engem Diplom an den Arts graphiques vum Lycée des Arts et Métiers huet si an Italien zu Florenz weider studéiert, fir sech an historeschen a cinematographesche Kostümer ze spezialiséieren, grad wéi am Bühnendekor an an den Theateraccessoiren.
Aus dëser zauberhafter Theaterwelt sinn d'Marionette vun den Draachen entstanen. Fir deene quasi liewege Kreaturen deen eenzegaartegen Aspekt ze ginn, geet d'Kënschtlerin duerch verschidden Etappe vun der Fabrikatioun: ënner anerem modeléiert, sculptéiert, moolt a bitzt si. Et ass e ganzen Amalgam vun Techniken a Matièren, wéi zum Beispill thermoplastescht Material, Latex a Lieder, déi deene Kreaturen aus enger anerer Zäit Liewen anhauchen.