Andrei Clontea
Andrei Clontea

Andrei Clontea

Den Andrei Clontea, dee 1984 zu Bukarest gebuer gouf, ass e lëtzebuergesch-rumänesche Keramikkënschtler. Nodeem hien 2012 säin Diplom an der Architektur krut an duerno e puer Joer dëse Beruff ausgeüübt huet, entdeckt hien déi villfälteg Méiglechkeete vun der handwierklecher Keramik an decidéiert, sech elo ausschliisslech dësem Beräich ze widmen. Als kompletten Autodidakt geet hie mat engem architektonesche Vocabulaire u seng Aarbecht erun, woubäi hien op der Sich no neie Formen an Texturen, d’Grenze vun der Matière ëmmer méi wäit no hannen dréckt. Och wann d’Architektur eng wichteg Roll spillt, beschränkt sech seng Inspiratioun net eleng dorop. D’Konscht, d’Natur an de mënschleche Kierper si fir hien och eng Quell, fir nei Iddien ze fannen. Seng Aarbecht beweegt sech op der Grenz tëschent Konscht, Handwierk an Design.

De Projet ass eng nei minimalistesch Interpretatioun vum Liichtebengelchen (Liichtmëssdag), a Form vun enger verspillter Lanter. Déi ausgestallte funktional Skulptur ass aus Toun a gëtt nom Colombin-Verfare geformt. Bei dësem Verfare gëtt den Toun op enger flaacher Surface gerullt, bis e sougenannte „Boudin” entsteet. Dës Boudine gi benotzt, fir d’Wänn vun deem jeeweilegen Objet ze bauen, andeem se schichtweis iwwertenee gesat ginn. Nom Dréchne gëtt den Objet zwee Mol gebrannt. Eemol bei enger Temperatur vun 950 Grad an dann eng zweete Kéier bei 1250 Grad, fir d’Material nach méi haart ze maachen.

Mâtra, 2023, céramique, 370x280x120cm

Mâtra, 2023, céramique, 370x280x120cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter