Angelika Stemer & Antoine Krecke
Angelika Stemer & Antoine Krecke

Angelika Stemer & Antoine Krecke

D’Angelika Stemer, 1969 zu Innsbruck gebuer, mécht hir Ausbildung an Éisterräich op der Fachhochschule für Gestaltendes Metallhandwerk vum HTBL Ferlach, Sektioun Gravuren. Fir d’éischt entwërft a realiséiert si Prototype fi r d’Produktioun vu Fanataisiesbijoue bei den Ets Gilles Marnat zu St Etienne a Frankräich. Duerno schafft si am Beräich vun der Gravure fi r aussergewéinlech Juegdwaffe beim Paul Landmesser zu Pforzheim an Däitschland. 1996 besicht si e Meeschtercours fi r Graveuren an der Schoul fi r Aueremécher zu Pforzheim an Däitschland a mécht 1997 hir Meeschterprüfung an der Chambre des métiers zu Karlsruhe. Zu Lëtzebuerg schafft si nees an der Gravure vun aussergewéinleche Juegdwaffe bei der ARC Sàrl zu Bierschbech, ier si sech als Graveur selbstänneg mécht. Si mécht hiren eegenen Atelier 2015 zu Munzen op, wou si haaptsächlech am Beräich vun der Gravure fi r Juegdwaffen, Bijouen an aner Objeten aus Metall schafft. De Coutelier Antoine Krecké, 1951 zu Kayl gebuer, fänkt seng beruffl ech Karriär als Léierbouf fi r Schlässer an Elektriker bei der ARBED op Esch-Belval un. Bis 2008 schafft hien als Viraarbechter vun der GREYBlockstrooss an als Maschinnebau-Responsable fi r ArcelorMittal Déifferdeng. 2005 knëppt e Kontakter mat Jeeër an entdeckt d’Konscht vum Messerhierstellen. Zanter senger Pensioun konzentréiert e sech voll a ganz op déi handwierklech Produktioun vun deene verschiddenste Juegd- an anere Messeren. Den Antoine Krecké war bei ville Juegd- a Fëscherei-Ausstellungen dobäi an huet e grousse Reseau vu Konschthandwierker opgebaut. E krut de Label „MADE IN LUXEMBOURG“ vun der Handwierkskummer.
COUTEAU DE CHASSE
2020
Acier, bois
22 x 3 x 2cm
Photo : ©Angelika Stemer

COUTEAU DE CHASSE 2020 Acier, bois 22 x 3 x 2cm Photo : ©Angelika Stemer

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter