Catherine Muller
Catherine Muller

Catherine Muller

D’Catherine Muller ass eng lëtzebuergesch Goldschmattesch. Si fänkt hir Studien 1975 an der „École d’Armurerie, de Fine Mécanique et de Bijouterie” zu Léck un, wou si 1976 hiren Diplom kritt. Duerno setzt si hir Ausbildung un der „Gold-und Silberschule” zu Pforzheim fort a kritt am Joer 1982 do hiren Diplom. An deem selwechte Joer mécht si en Atelier zu Florenz an Italien op. Zéng Joer méi spéit mécht si en zweete Konschtbijousatelier zu Köln an Däitschland op. Si hëlt och u villen Ausstellungen deel, sou zum Beispill 1984 an der Galerie Danika zu Lëtzebuerg, 1994 un der Bijousausstellung „Köln Gold Exibition” am Museum für Angewandte Kunst zu Köln (D) oder 2017 un der Bijousausstellung zu Newport Beach am Amarees.

Fir dës Ausstellung huet d’Kënschtlerin e Rank mat zwee sculptéierte Käpp aus Sëlwer, déi sech ukucke wéi zwou Persounen, déi frou matenee sinn, entworf. D’Käpp kënnen erofgeholl ginn an och an all Richtunge gedréint ginn. Esou ka jiddweree säin Horizont erweideren an aner Territoiren entdecken.

 Les amants. Love and peace, 2022, Argent 925/000 et brillants noirs -  roulements à billes en acier, 45,5 mm x 30 mm, Photo portrait : Alfred Jansen

 Les amants. Love and peace, 2022, Argent 925/000 et brillants noirs -  roulements à billes en acier, 45,5 mm x 30 mm, Photo portrait : Alfred Jansen

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter