Catherine Ventura
Catherine Ventura

Catherine Ventura

D’Catherine Ventura ass eng Broderieskënschtlerin, déi an Amerika gebuer gouf an haut zu Lëtzebuerg wunnt a kënschtleresch täteg ass. Vu Klengem un, soubal hire Papp hir Strécken, Bitzen a Brodéiere bäibruecht hat, huet d’Kënschtlerin sech fir d’Textilkonscht interesséiert. Si perfektionéiert hir Praxis duerno op der Universitéit a schafft uschléissend als Kostümbildnerin an hirem eegene Locatiounsgeschäft an och fir Balleten oder aner kënschtleresch Veranstaltungen.  Ënner anerem schafft si fir de Kostümbildner Tim Yip an de Regisseur Robert Wilson. Haut entwërft si Wierker op d’Mooss a setzt dobäi Kompetenzen an, déi si wärend iwwer sechzeg Joer affinéiert huet.

Fir dës Ausstellung huet d’Kënschtlerin Mauerbroderië kreéiert, andeem si Stëfter, Pärelen an Teinturen aus Naturfasere wéi Seid, Woll, Léngent a Kotteng zesummen- an iwwerteneegeluecht huet. De kreative Prozess gëtt hei zu enger meditativer Demarche, déi der Kënschtlerin erlaabt, sech mat sech selwer, mat deenen aneren a mat den Dausende Jore Broderiesgeschicht ze verbannen. D’Brodéiere gëtt hei eng Metapher fir d’mënschlecht Liewen, andeem lues a lues Etappen um Léierpad, an deene mir eis heiansdo begéinen, zesummegesat ginn. Hiert Wierk luet eis an op eng Rees an eist déifste Wiesen.

She was a Creative Voice, 2023, Soie, lin, coton et matières organiques, 206x84, Photo oeuvre :  Diogo dos Santos/DS Visuals, Photo oeuvre : Dr DJ Condon

She was a Creative Voice, 2023, Soie, lin, coton et matières organiques, 206x84, Photo oeuvre : Diogo dos Santos/DS Visuals, Photo oeuvre : Dr DJ Condon

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter