Christiane-Modert
Christiane-Modert

Christiane-Modert

Schonn als Kand verbréngt d'Christiane Modert, gebuer 1958 zu Lëtzebuerg, vill Zäit mat Zeechnen a Molen. Als Schülerin besicht si Konscht-a Keramik- Oweskuren vun der Chambre des Arts et Métiers. Si studéiert Arts Plastiques zu Paräis, gëtt Zeecheproff a bilt sech spéider keramesch a Stagë weider ( Georg Krüger(F) Petra Wolff (D), Otokar Sliva(Au). 

Hier kënschtleresch Aarbecht huet sech An den 80er an 90er Joren war hiert kënschtlerescht Haaptuläies Kompositioun a Faarw, dat si mat Batik, Collagen a Molerei ënnersicht huet. No enger laanger Krankheet an dem Brand an hirem Atelier kreest si thematesch em dat Liewegt: Entstoen, Wuessen, Opbléien a Vergoen. Fir dëst auszedrécke kënnt hier d'Keramik zu Paass.

Fir d’Christiane Modert ass de Geste déi bewosst a spontan Handbeweegung, déi an der Keramik besonnesch gutt ze gesinn an ze erfillen ass. Den "Terroir" versteet si als déi natierlech a kulturell Landschaften, aus deenen sech Land an Identitéit bilden. Lëtzebuerg ass mat wonnerbare Géigenden, fruchtbarem Buedem an engem wiissegen Klima geseent an huet e besonnesche Bezuch zur Natur. Et ass och d'Land vun de Rousen, dat Maria, der Tréischterin a Gottesmamm geweit ass. Dësen ierdesch-spirituelle Wuerzelen vu weiblecher Spiritualitéit geet d'Christiane Modert an hieren Keramiken no. Änlech hir Keramik: an e Glas Waasser gestallt sinn si d'Stäip fir eng eenzel Blumm. Hier Eenzegaartegkeet a Schéinheet stécht esou ervir, dass si e Symbol fir d'Schéinheet an d'Eenzegaartegkeet vun der Natur a vum Liewen gëtt.  

  

Rousekranzkinnigin/ Reine des Roses, H 56cm, Photo oeuvre : Thierry CLAUDE

Rousekranzkinnigin/ Reine des Roses, H 56cm, Photo oeuvre : Thierry CLAUDE

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter