Iva Mrazkova & John Kieffer
Iva Mrazkova & John Kieffer

Iva Mrazkova & John Kieffer

D’Iva Mrazkova, eng Kënschtlerin mat tschecheschen Originnen, huet sech 1989 mat hirem Diplom vun der Konschtakademie vu Prag an der Täsch zu Lëtzebuerg niddergelooss. Als diploméiert Molerin huet si hire kënschtlereschen Aktiounsberäich erweidert a sech der Bronze- a Stolskulptur zougewant. D’Iva stellt reegelméisseg zu Lëtzebuerg aus (Galerie La Cité, Galerie Schweitzer, Galerie Clairefontaine, Galerie Schlassgoart).  Si ass zanter 1992 Member vum CAL Lëtzebuerg.

D’Iva setzt fir hir Skulpturen aus Stol/Corten ënnerschiddlech Techniken an. Fir d’éischt mécht si Skizzen a Maquetten aus Bronze, déi als Virlag déngen. Hir Wierker inspiréiere sech un der Natur, den Traditiounen, de Legenden an de Mythen. Déi groussformateg Skulpture ginn dann an enker Zesummenaarbecht mat der Kënschtlerin vum Konschtschmadd John Kieffer a sengem Atelier zu Diddeleng entworf.

De John Kieffer gouf 1944 zu Diddeleng gebuer a schafft momentan a sengem Atelier zu Diddeleng. D’lescht Joer am November huet hien um Parvis vum Lycée Hubert Clément zu Esch-Uelzecht d’Skulptur „Racines” opgestallt. Dës Skulptur erënnert als Monument un d’Resistenz vun de Schüler aus dem LHCE am Joer 1942.

Champs labourés, 2023, bronze, Photos : Flavie Hengen

Champs labourés, 2023, bronze, Photos : Flavie Hengen

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter