João Godinho
João Godinho

João Godinho

 

Seng éischt elektresch Gittar huet de portugiseschen Artisan luthier João Godinho, 1969 zu Porto gebuer, am Alter vun 12 Joer gebaut. No senger Ausbildung bei engem Maître luthier an den Achtzegerjoren, huet hien 2004 säin eegenen Atelier zu Lëtzebuerg opgemaach, wou hie sech exklusiv op d’Kreatioun an d’Reparatioun vun Zupfinstrumenter konzentréiert.

Den Tally Project besteet aus enger Neiinterpretatioun vun zwou legendären elektresche Gittaren, aus deenen zwee nei Prototyppen, d’HBT Tally an d’LP Tally, ervirginn. Ausgangspunkt sinn d’Fender Telecaster an d’Gibson Les Paul; d’Zil sinn déi béid Tallyen, nämlech d’HBT (Hollow Body Telecaster) an d’LP (Les Paul). De Choix an d’Kombinatioun vun de Materialer an d’Entscheedung fir eng natierlech Finitioun, genee ewéi e puer iwwerraschend ornamental Detailer, ginn den Instrumenter eng schlicht Nobless, déi béide klassesche Modeller eng zäitgenëssesch Ästheetik vermëttelt.

Duerch d’Abaue vun engem Resonanzkierper an Instrumenter mat engem allgemeng massive Kierper, konnt d’Tounqualitéit an déi dynamesch Reaktioun vun de Gittare verbessert ginn. Aner manner traditionell Léisunge waren de Choix vun organeschem Material, wéi Ebenholz, fir déi akustesch Kontaktdeeler, déi normalerweis aus Metall oder syntheeteschem Material hiergestallt ginn. Bei der Elektronik, déi fir béid Modeller déi selwecht ass, gouf op eng originell an einfach Konzeptioun zeréckgegraff, fir eng polyvalent a multifunktionell Konnektivitéit ze garantéieren.


 

Tallycaster, 2023, lutherie, bois, érable acajou, ébène, 100x41cm

Tallycaster, 2023, lutherie, bois, érable acajou, ébène, 100x41cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter