Caroline Koener
Caroline Koener

Caroline Koener

Caroline Koener 39 Joer, diplôméiert Costume Designerin am ‘’Costume Design for Screen & Stage’’ op der Arts University Bournemouth kritt sain Masters am Joer 2008. Sie designed an creéiert Kostümer fir den Theater, den Danz an de Film. Am Film Milieu, ënnerschreift Sie d’Kostümer vu Laangen a Kuerzfilmer ewéi zum Beispill : Superjhemp Retörns (2017) vum Felix Koch, Mary Shelley (2016) vum Haifaa Al-Mansour, Rusty Boys (2016) vum Andy Bausch. D’Caroline denkt a mescht och Kostümer am Theaterberäisch; „Medea” (2022) a „Léa et la théorie des systèmes complexes” (2023) am Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg.

Zënter 2018 interesséiert si sech, mat besonneschem Akzent un nohalteg Entwécklung ronderëm d'Moudindustrie mat Fokus ob hieren Verbrauch. Si bitt Bitz- an «up-cycling »-Atelieren un vir e Publikum vun all Altersgrupp. Am Joer 2020 entwéckelt si e klenge lokalen Produktiounsprojet mam Numm 'Huddelafatz', ënner anerem ënnerstëtzt vum '' Start-up '' Programm vun der Œuvre Nationale Grande-Duchesse Charlotte. D'Zil vum Projet ass den Blaumann nei ze erfannen, also blot Aarbechtsgezeih; inspiréiert aus dem lëtzebuergeschen industriellen an handwierklechen Patrimoine, wärend lokal a fair produzéiert gëtt. Ausgestallt huet si ënner anerem op der Art Fair Stockholm, am Grand Palais zu Paräis, an der Galerie „Durden and Ray” zu Los Angeles, zu Bréissel, zu Venedeg, am Domaine Art et Nature zu Chaumont-sur-Loire an zu Mons.

D’Katarzyna inspiréiert sech staark un der Natur, skulptéiert lokal Beem an trëtt mat der Schéinheet vun de Planzen an en Dialog. Hir Aarbecht spigelt eng ekologesch Ideologie erëm, an där d’Beobachtung vun den Zyklen an déi perséinlech Interaktioun sech vermëschen.

Am léifste schafft si mat natierleche Materialer, besonnesch mat Holz, dat brëcheg ginn ass an dat si iwwer e laange Recyclage stabiliséiert. An hire Kreatioune fënnt een dacks „Erënnerungsfragmenter”, déi aus Äscht, Blieder, Schuel oder Haarz bestinn an d’Liewen, den Doud, d’Erënnerung an d’Zäit erfuerschen.

„‘Huddelafatz’ huet mech inspiréiert, beim Recyclage an der zirkulärer Notzung vu Materialer nach e Schratt méi wäit ze goen. D’Grondlag vun der Technik, déi ech fir dës nei Editioun presentéieren, berout ausschliisslech op der Verwäertung an der Erneierung vun Offallmaterial.”

C2H4, 2023, Plastique et cordes récupérées,H : 160cm L : 110cm, Photo Portrait : Flavie Hengen, Photo oeuvre :  Raymond Camporese

C2H4, 2023, Plastique et cordes récupérées,H : 160cm L : 110cm, Photo Portrait : Flavie Hengen, Photo oeuvre : Raymond Camporese

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter