Laure Mackel
Laure Mackel

Laure Mackel

D'Laure Mackel ass zu Lëtzebuerg gebuer. 1994 kritt si, no zwee Preparatiouns- an 3 Spezialisatiounsjoer, hiren Diplom an der grafescher Konscht op der Penninghen (Académie Julian) zu Paräis. Zeréck zu Lëtzebuerg installéiert si sech als onofhängeg Kënschtlerin mat hirem eegenen Atelier. Zanterhier realiséiert si Skulpturen aus Papiermâché an huet no jorelaangem Fuerschen an Experimentéieren hir eegen Technik entwéckelt. Dës besteet doranner, Zeitungspabeier mat Waasser, Pech a Gips ze vermëschen, de geneeën Detail vun hirem Knowhow bleift awer hiert Geheimnis. De Papiermâché gëtt séier fir si zu enger Passioun an hir Technik erlaabt et och, ganz stabil monumental Wierker ze realiséieren, dorënner z. B. d'„Business Woman“ fir Ernst&Young am Joer 2017 oder „Die 3 Grazien“ fir d'Deutsche Bank am Joer 2007. Si inspiréiert sech vill un der Natur, schaaft imaginär Déieren a Planzen, awer och mënschlech Liewewiese mat laange Wimperen a volle Lëpsen, ëmmer mat enger gewësser Dosis Humor. Hir Kreatioune si souwuel realistesch wéi surrealistesch.
FLEUR IMAGINAIRE
2021
Papier- mâché, plâtre, fil de fer, bois
210 x 57 cm
Photo : ©Spuerkeess-Flavie Hengen

FLEUR IMAGINAIRE 2021 Papier- mâché, plâtre, fil de fer, bois 210 x 57 cm Photo : ©Spuerkeess-Flavie Hengen

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter