Laurent Remiche
Laurent Remiche

Laurent Remiche

De Laurent Remich gouf zu Lëtzebuerg gebuer an huet seng Karriär als Léierbouf an der Schräinerei am Lycée zu Woltz (CATP) no der Schoul ugefaangen. 1997 kritt hie seng Meeschterkaart an der Schräinerei. 2000 grënnt hien d’Schräinerei „Schräiner Wierkstat”, déi sech am Laf vun der Zäit op d’Fabrikatioun vu Bannenariichtunge spezialiséiert.

D’Konscht vun der Stréimarketerie, eng Technik, déi a senger Heemechtsregioun kaum bekannt war, huet de Laurent duerch Zoufall entdeckt.  Fir seng Technik ze perfektionéieren, mécht hien eng Ausbildung am Atelier „Lison de Caunes” zu Paräis. Säin éischt grousst Wierk gouf kreéiert, fir den 100. Gebuertsdag vun der „Gëlle Fra”, e symbolträchtegt Monument vu Lëtzebuerg, ze feieren. Hien huet fir dës Geleeënheet en Zerwéierplatto an en Tableau entworf, déi d’„Gëlle Fra” an d’Vue vun der Stad Lëtzebuerg valoriséieren.

Dem Laurent seng Aarbecht ass eng geschéckerlech Fusioun vun der traditioneller Schräinerei an der Stréimarketerie. Hie benotzt lokaalt Material, wéi Eech, Nëssert, Ahorn, fir komplex Motiver aus Holzmarketerie ze kreéieren. Ausserdeem notzt hie fir seng Kreatiounen aus Stréimarketerie den natierleche Glanz vum franséische Karstréi. Seng Aarbecht ënnersträicht d’Schéinheet vun der Natur an déi ganz Suergfalt, déi néideg ass, fir eenzegaarteg handwierklech Stécker hierzestellen.

Plateau "Gëlle Fra", 2023, marquetterie de paille, 480/350mm, Photos : Manuela Ihry

Plateau "Gëlle Fra", 2023, marquetterie de paille, 480/350mm, Photos : Manuela Ihry

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter