Laurent Turping
Laurent Turping

Laurent Turping

De Laurent Turping, e Lëtzebuerger Holzbildhauer, ass faszinéiert vun dëser Matière, déi hien als Autodidakt zanter 2012 verschafft. 2013 mécht hien eng praktesch Ausbildung am „Kunst- und Werkhof Großropperhausen” an Däitschland, un der Säit vum Kënschtler Ernst Gross, wou hie seng Technik vun der Holzschnitzerei mat der Kettesee perfektionéiert. Duerno stellt hien a verschiddene perséinlechen a kollektiven Ausstellungen aus, dorënner 2015 bei der Biennale Stroossen, 2021 an der Galerie Schlassgoart zu Esch-Uelzecht oder 2022 an der Reuter-Bausch Art Gallery an der Stad, fir nëmmen dës ze nennen.

D’Wierker vum Laurent Turping verdäitlechen duerch hir Duerstellung vu mënschleche Wiesen d’Lienen, déi eis als Gemeinschaft matenee verbannen. De Kënschtler schafft ausschliisslech mat der Kettesee a léisst sech vun der natierlecher Form vum Bamstamm guidéieren, Rëss oder Kniet ginn an d’Skulpturen integréiert. D’Holz, dat dacks am Réizoustand gelooss gëtt, erënnert un eis Falen an un eis Entwécklung.

Fir dës Biennale benotzt de Kënschtler exklusiv Stämm vu Beem, déi schonn ëmgefall sinn, aus eise lokale Bëscher, fir d’Theema vun der Immigratioun ze behandelen, déi op d’Usteige vum Waasserspigel als Konsequenz vun der globaler Erwiermung zeréckzeféieren ass.

Caractère, 2023, Bois Tilleul - sculpté à la tronçonneuse, hauteur 105cm largeur 45cm

Caractère, 2023, Bois Tilleul - sculpté à la tronçonneuse, hauteur 105cm largeur 45cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter