Letizia Romanini
Letizia Romanini

Letizia Romanini

D’Letizia Romanini ass eng Lëtzebuerger plastesch Kënschtlerin, déi 2006 hir Licence an der visueller Konscht an 2009 hiren Ofschloss op der École Supérieure des Arts Décoratifs, Optioun Objet / Flexibel Materialer, ënnert der Leedung vum Edith Dekyndt zu Stroossbuerg (F) krut. Geleet vun hirem Wonsch, hir Konscht weiderzeginn a gemeinsam ze kreéieren, ergänzt si 2018 hir Formatioun um CFPI, dem Centre de formation des plasticiens intervenants op der HEAR (Haute école des arts du Rhin, Stroossbuerg). 2021 gëtt si mam Präis 1% artistique fir de Centre de Logopédie, Stroossen (L) ausgezeechent, am selwechte Joer gëtt si mat hirem Diptyque Drop by Drop (Serigraphie mat Spigeltënt op Glas, 2018) an d’Sammlung vum Lëtzebuerger Kulturministère opgeholl.

An engem permanenten Dialog tëschent der Duerstellung an hirem Bezuch zur Matière erschaaft d’Letizia Romanini en Ekosystem vu skulpturalen Objeten unhand vun handwierklechen Techniken, déi si mat Ofzich vu Fotoen dialogéiere léisst. D’Kënschtlerin versteet hir Aarbecht als eng Sich, fir dokumentéiert Erfarungen an Archiven kreéieren, genee ewéi Momenter, déi si mat de Mënschen, deene si begéint, deelt. Doraus entsteet e gemeinsame Raum, ronderëm d’Associatioune vu Formen a Matièren, déi villschichteg Biller kreéieren, an deenen d’Beréieren, d’Luucht an d’Zerbriechlechkeet eist Verständnis vun der Wierklechkeet op d’Prouf stellen.

Lux Field VI, 2023, marqueterie de paille, cadre en chêne, 51 x 71 cm, Photo portrait : Maurine Tric

Lux Field VI, 2023, marqueterie de paille, cadre en chêne, 51 x 71 cm, Photo portrait : Maurine Tric

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter