Lidia Markiewicz
Lidia Markiewicz

Lidia Markiewicz

 D'Lidia Markiewicz ass a Pole gebuer, lieft a schafft awer zanter 1975 zu Lëtzebuerg. Si staamt aus enger Bijoutiersfamill. 1972 krut si hiren Diplom vun der Pedagogescher Héichschoul vu Legnica a Wrocław beim Professer Bronisław Chyła. Als Spezialisatioun huet si plastesch Konscht a Pädagogik gewielt. Parallel dozou schafft d'Lidia fir den Theater a kreéiert fir d'éischt gemoolte Plakater an entwërft dono hir eege Motiver a kreéiert hir éischt Bijouen. Vu 1986 bis 1988 studéiert si op der Konschtakademie zu Tréier. Zanter 1975 hat si vill perséinlech a kollektiv Ausstellungen an Europa an an Australien. Si enseignéiert a verschiddene Schoulen a Bildungsariichtungen zu Lëtzebuerg plastesch Konscht a Konschtpedagogik. Donieft leet si och hiren eegenen Atelier, de „Kanner Konscht Atelier“. Ausgezeechent gouf si mat verschiddene Präisser, dorënner am Joer 2000 mam Präis fir sakral Konscht, 2008 mam Verdéngschtkräiz vun der Republik Polen an 2015 mam Präis vun der Stad Legnica a Polen. Si ass Member vum CAL a vum Grupa X a Polen.

Cocon, 2022, coton crocheté, soie et perles, ⌀ 1m suspendu aavec serviette ⌀ 150, Photos : Margo Skwara

Cocon, 2022, coton crocheté, soie et perles, ⌀ 1m suspendu aavec serviette ⌀ 150, Photos : Margo Skwara

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter