Lilian Mombach
Lilian Mombach

Lilian Mombach

D’Lilian Mombach staamt aus Brasilien an huet 2021 Lëtzebuerg zu hirem Doheem gemaach. Nodeem si a Brasilie Konscht studéiert an als Art Director geschafft huet, huet si hiert Liewen nees op kreativ Atelieren an d’kënschtleresch Produktioun konzentréiert.

Hir Konscht besteet doranner, Pabeier a floral Skulpturen ze verwandelen. D’Konzept vum Upcycling an dat narratiivt Potenzial vum Pabeier leien hir besonnesch um Häerz. Inspiratioun fënnt si an der Natur, den Traditiounen, Legenden, Mythen a fantastesche Faarwen. Si schaaft Verbindungen tëschent dem Bewossten an dem Onbewossten, exploréiert d’Zykle vum Liewen a vun der Natur a setzt an hirem kreative Prozess d’Transformatioun vum Pabeier an Zeen.

D’Lilian schafft haaptsächlech mat einfache Materialer wéi Pabeier, Koll an Zwier. Aus Kaffisfiltere gi fräihänneg geschnidden a mat Zwier strukturéiert Bléieblieder, fir nei Formen ze kreéieren. Mat hirer Technik ka si delikat, formbar a widderstandsfäeg Blumme modeléieren. De Papiermâché gëtt benotzt, fir hire Kreatioune Volume ze ginn, wärend d’Acrylfaarf, déi si opdréit, all Skulptur eng eegen Dimensioun an domat en eenzegaartege kënschtlereschen Ausdrock gëtt.

Coraticum, trésor d`histoires, 2023, papier, 100x100x260cm, Photo portrait : Carol Avellar

Coraticum, trésor d`histoires, 2023, papier, 100x100x260cm, Photo portrait : Carol Avellar

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter