Liv Jeitz Wampach
Liv Jeitz Wampach

Liv Jeitz Wampach

D’Liv Jeitz Wampach, gebuer am Joer 2001, ass zu Lëtzebuerg opgewuess. Scho vu Klengem un interesséiert si sech fir Konscht, besonnesch fir d’Kreatioun vu Konschtwierker an d’Spill mat de Faarwen. 2019 fänkt si un, hir eegen Technik ze entwéckelen, fir Bijouen aus klenge Pärelen hierzestellen. De Schwéierpunkt louch do weiderhin um Spill mat deene verschiddene Faarwen an op der Entwécklung vun hire Fäegkeeten.

Hir Technik besteet doranner, Pärelen eleng mat engem Nylonsfuedem opzereien, ouni Kniet oder Koll ze benotzen. Als Material benotzt si Swarovski-Pärelen a -Strasssteng, chineesesch Glaspärelen, Eedelsteng, Séisswaasserpärelen a Miyuki- an Toho-Pärelen.

Hiert Schaffgeschier si winzeg Nolen an eng kleng Zaang. D’Haapttechnik besteet doranner, e Strassstee ganz grëndlech mat Pärelen ze ëmginn an dann an e Bijou anzesetzen.

Parure de soirée I, collier, 2023, Perles d`eau douce, perles Swarovski, Chatons Swarovski, perles Miyuki, perles Toho, Longueur : 41/48 cm, Photos : Jeannine Unsen

Parure de soirée I, collier, 2023, Perles d`eau douce, perles Swarovski, Chatons Swarovski, perles Miyuki, perles Toho, Longueur : 41/48 cm, Photos : Jeannine Unsen

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter