Madeleine Weber-Weydert
Madeleine Weber-Weydert

Madeleine Weber-Weydert

Hir Leidenschaft fir d’Glaskonscht, déi d’Madeleine Weber-Weydert, 1988 zu Lëtzebuerg gebuer, am Laf vun der Zäit entwéckelt huet, ass fir si eng Quell vun Inspiratioun an Evasioun. Beim Kënschtler Frank van der Ham perfektionéiert si am Joer 2000 hir „Fusing”-Praxis, an erweidert duerno hiert Fachwëssen op zwou Reesen an d’Tschechesch Republik, bei deene si d’Ateliere vun de renomméiertste Glaskënschtler wéi de Stanislav Libensky, d’Gizela Sabokova, d’Zora Palova oder den Antoine Leperlier a Frankräich besicht. 2018 gëtt si am Palais des Arts zu Vannes an der Bretagne, an 2022 op Privatinvitatioun an der Stad Lëtzebuerg ausgestallt.

Zanter elo zwanzeg Joer perfektionéiert d’Kënschtlerin sech an enger perséinlech entwéckelter ekologescher Method, mat där si Géigestänn aus Glas en zweet Liewe gëtt an esou eenzegaarteg a kompositoresch räich Wierker schaaft. D’Bemole vum Banneraum vun engem Glasobjet ass eng Prezisiounsaarbecht, bei där awer och dem Zoufall am kreative Prozess Raum gelooss gëtt. D’Kënschtlerin fierft, zerbrécht, assembléiert a vermëscht d’Matièren, fir datt dës Objete sech an heiansdo figurativ, heiansdo abstrakt Kompositioune verwandelen, an esou mat neiem Glanz aus der Vergiessenheet eraustrieden

MA CABANE, 2023, grande bouteille à vin,  abat-jour en verre, saladier, bouchon d’une bouteille à parfum ; échelle : ficelle et bouts de câbles, personnages PLAYMOBIL, H 84 cm / Æ 38 cm, Photo oeuvre : Siggy Kirsch

MA CABANE, 2023, grande bouteille à vin, abat-jour en verre, saladier, bouchon d’une bouteille à parfum ; échelle : ficelle et bouts de câbles, personnages PLAYMOBIL, H 84 cm / Æ 38 cm, Photo oeuvre : Siggy Kirsch

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter