Megha Goenka
Megha Goenka

Megha Goenka

D’Megha ass eng Kënschtlerin, déi 1977 zu Chakulia (Indien) gebuer gouf an haut zu Leideleng (Lëtzebuerg) lieft. 1997 kritt si hiren Diplom an de Fächer Innenarchitektur an Dekoratioun a mécht tëschent 2014 an 2016 en Diplom an der plastescher Konscht vun der Ecole d’Art Contemporain zu Lëtzebuerg. 2021 beleet si op der Universitéit zu Oxford e Cours iwwer indesch Konscht. 2022 fänkt si am éischte Joer an der Gravur op der Académie des Beaux-Arts zu Arel (Belsch) un, a gläichzäiteg am drëtte Joer an der Keramik. Si ass Member vun der Académie Européenne des Arts du Grand-Duché de Luxembourg a vu „Konscht am Grond” zu Lëtzebuerg.

Hire Konschtprojet vermëscht Keramik, Holz, Mauerinstallatiounen a Skulpturen, a schaaft esou eng eenzegaarteg kënschtleresch Presenz an engem spezifeschen territoriale Kontext. Déi dekorativ Elementer si vun der Natur zu Lëtzebuerg inspiréiert. D’Forme vun de Skulpturen inspiréiere sech un der indescher Traditioun a Kultur. D’Megha schafft mat ënnerschiddleche kënschtleresche Medien, dorënner Keramik, Kuelzeechnung, Molerei a Gravur, a fënnt seng Inspiratioun an der Natur, der Architektur an an hirem Ëmfeld.

D’Keramik ass hiert Liblingsgebitt; hei entstinn, am léifste mat manuellen Techniken, eenzegaarteg Wierker, bei deene besonnesch vill Wäert op Detailer geluecht gëtt. Hire kreative Prozess implizéiert eng grëndlech Planifikatioun, d’Kreatioun vu Formen aus Toun a Gips, d’Zesummesetze vu Stécker, déi op der Hand hiergestallt goufen, a widderhuelt Brennen am Uewen, fir dee gewënschten Effet ze erzilen.

Bouquet Of Agony, 2023, porcelaine, Photo portrait : Orit Isrealson

Bouquet Of Agony, 2023, porcelaine, Photo portrait : Orit Isrealson

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter