Nadine Zangarini
Nadine Zangarini

Nadine Zangarini

D’Nadine Zangarini ass eng lëtzebuergesch Bildhauerin, déi hir Inspiratiounsquell an hirem Heemechtsland fënnt, an deem si och lieft a mat Passioun schafft. Hire kënschtleresche Parcours huet si op d’Universitéit Stroossbuerg (Frankräich), un d’Edith Maryon Kunstschule zu Freiburg im Breisgau (Däitschland) an op verschidden Akademië gefouert.

Mat hirer Konscht wëll si d’Schéinheet an d’Rengheet vun de Formen afänken, andeem si sech un den Elementer aus der Natur, déi si ëmginn, inspiréiert. Iwwer d’Technik vum direkte Schlëff erwächt si d’Volummen, d’Formen an d’Schietspiller zum Liewen. Am léifste schafft si mam Steen a mat verschiddenen Holzzorten, deene si eng organesch an authentesch Qualitéit vermëttelt. D’Formen, déi si kreéiert, verbannen harmonesch dat Vollt mat deem Eidelen a loossen esou wonnerbar Projektioune vu Schiet entstoen. All Stéck, dat si hierstellt, ass eenzegaarteg a gëtt direkt sculptéiert, woubäi d’Spueren, déi d’Instrumenter vun der Bildhauerin hannerloossen, duerch d’Liicht subliméiert ginn. D’Nadine hat de Privileeg, hir Konscht op verschiddenen Ausstellungen zu Lëtzebuerg wéi och an Däitschland, op deenen hiert Talent unerkannt gouf, weisen ze kënnen. Hiren Atelier ass um Kuelbecherhaff, an der Géigend vun Huelmes.

Refuges, 2023, Scupture sur bois de tilleul, H 120 x L 44 x l 30 cm, Photo portrait : Manette Maurer

Refuges, 2023, Scupture sur bois de tilleul, H 120 x L 44 x l 30 cm, Photo portrait : Manette Maurer

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter