Oxana Kuksa
Oxana Kuksa

Oxana Kuksa

D’Oxana, 1972 a Russland gebuer, ass wéinst der Léift op Lëtzebuerg geplënnert, wou si zanter 2003 mat hirer Famill lieft. Si schafft haut am Beräich vun der Moud, e Beruff, deen hir erlaabt, duerch ganz Europa ze reesen. An hirer Fräizäit ass si leidenschaftlech Gäertnerin a Beobachterin vun der Natur. Vun 2016 u befaasst si sech aktiv mat der Konscht vun der Molerei, fir spéider hiren Horizont ze erweideren a sech an der Keramik ze lancéieren.

Si kreéiert haaptsächlech Vasen an dekorativ Stécker fir de Banneberäich. All eenzelt Wierk stellt d’Gedold an de Sënn fir d’Detailer ënner Beweis, déi an all Blumm, Bléieblat a klenger Kreatur zum Ausdrock kommen. D’Kënschtlerin ass beaflosst vun der Diversitéit vun hire Reesen, vun der Natur a vun de Blummen. De kulturelle Mix an d’Natur sinn hir Haaptinspiratiounsquellen, an dëst spigelt sech och an hire Wierker erëm.

Als Rostoff benotzt si Sandsteen a Parzeläin. Déi sculptéiert oder modeléiert Wierker sinn, jee nom Choix vun der Kënschtlerin, emailléiert. D’Oxana dréckt d’Theema vun der Ausstellung 2023 „De Geste an den Territoire” unhand vu Blummen aus, an erënnert esou haaptsächlech un d’Rouse vu Lëtzebuerg. Si emailléiert hir Wierker mat metaliséierter Faarf als Hommage un d’Lëtzebuerger Stolindustrie. Als Kënschtlerin experimentéiert si mat der Matière an de Formen a setzt weeder hirer Fantasie nach der Praxis Grenzen.
Bouquet, 2023,  Grès/Émail, Photo portrait :  Kuxa-Fecchi Anna

Bouquet, 2023, Grès/Émail, Photo portrait : Kuxa-Fecchi Anna

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter