Lëtzebuerg als Éieregaascht op der Révélations am Grand Palais vum 23. bis de 26. Mee 2019

01/03/2019

LËTZEBUERG, ÉIERELAND UM TREFFPUNKT VUN DE KULTUREN

Lëtzebuerg ass Éieregaascht vun der véierter Editioun vun der Biennale. Ënnert dem héije Patronage vu HH.KK.AA dem Ierfgroussherzog Prënz Guillaume an der Ierfgroussherzogin Prinzessin Stéphanie, wäert Lëtzebuerg am Grand Palais en eenzegaartegt Evenement schafen, dat de Räichtum an d’Energie, déi déi kreativ Vitalitéit vu sengem Savoir-faire auszeechnen, erëmspigelt.

De Grand-Duché war schonn um Banquet 2017 present. Bei dëser véierter Editioun vu RÉVÉLATIONS gëtt d’Kreatioun an de Mëttelpunkt gesat: „2019 wëlle mir nach méi Talenter, nach méi Savoir-faire an nach méi Iwwerraschunge bidden“, erkläert de Prënz Guillaume. „Datt mir vum Comité zeréckbehale gi sinn, ass en Ausdrock vu Vertrauen an eng grouss Éier. Ma och eng grouss Erausfuerderung: nämlech all eis Expertis, eng reegelrecht Illustratioun vun eiser räicher historescher a kultureller Ierfschaft, op déi schéinsten Aart a Weis presentéieren.“

Dës grouss Ambitioun gëtt dëst Fréijoer ënner der Glaskuppel vum Grand Palais duerch d’Associatioun „De Mains De Maîtres Luxembourg“ konkretiséiert. D’Associatioun, déi am Mee 2017 an d’Liewe geruff ginn ass, virun allem mam Zil, d’Konschthandwierk an de lokalen handwierkleche Savoir-faire ze exportéieren, ass e reegelrechte Moteur fir d’Erhalen an d’Entwécklung vum Konschthandwierk zu Lëtzebuerg, souwul am Häerz vum Grand-Duché wéi och iwwer d’Grenzen eraus, an Europa an international.

Fir seng Selektioun huet de Jean-Marc Dimanche, Kommissär vum Pavillon Lëtzebuerg, „d’Schéinheet vum Geste, vun der Matière, vum Savoir-faire, déi de Public staune loossen“ privilegéiert. „All dëst gëtt duerch en Zeréck op dat Weesentlecht an eiser Ausstellung gefeiert“, esou de Jean-Marc Dimanche.

De Pavillon wäert exklusiv Wierker presentéieren, déi vun enger fofzéng talentéierte Konschtschafenden aus dem Land realiséiert goufen. Eng schéi Geleeënheet, d’Holz ze feieren, eng vun den Haaptmatièrë vum Grand-Duché, dee fir seng vill Bëscher bekannt ass, ma och d’Keramik, déi staark an der nationaler Liewenskonscht verankert ass.

© Cour grand-ducale / Henri Tullio

Les Métiers d’Art au cœur des missions "De Mains De Maîtres Luxembourg"

Hutt Dir eng Fro iwwer d'Associatioun "De Mains De Maîtres Luxembourg"?

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter