Rex Kalehoff
Rex Kalehoff

Rex Kalehoff

De Rex Kalehoff ass Miwweldesigner a Steen- an Holzbildhauer. Gebuer gouf hien op engem Seegelboot aus Holz zu New York. Hie kritt säi BFA an der Skulptur op der UARTS zu Philadelphia a säin MFA am Miwweldesign um RIT zu New York (USA).  Et ass op senge Reesen op Pietra an Italien, wou de Kënschtler déi traditionell Technik vum Marberschneide bei Handwierksmeeschtere léiert.  Hien huet a ville Länner, dorënner Amerika, Australien, Thailand, Japan, Portugal, Neuseeland a Korea, ausgestallt. En huet och un internationale Kënschtlerresidenzen deelgeholl a gëtt Coursen an der Holzveraarbechtung an am Miwweldesign. 2022 mécht de Rex säi Schräineratelier RexinLux Wood Studios am 1535° Creative Hub zu Déifferdeng (L) op.

Seng Skulpturen erfuerschen a portraitéiere seng Faszinatioun a seng éierlech Bezéiung zur Natur. Seng Kreatioune si witzeg an awer räif a sophistiquéiert an hirer Ästheetik. Si wëlle Kulture matenee verbannen an d’Leit zum Schmunzele bréngen. Obwuel si aus Stee gemaach sinn, wierken d’Skulpture luminéis a flauscheg. Mat der paralleller Duerstellung vu Päerd, Wolleken a Schëffer illustréiere seng dräi Wierker déi souwuel bedeitend wéi och vergänglech Roll vun der Zivilisatioun op dëser Welt, si vergeet a verännert sech, genee ewéi d’Wolleken.

CLOUD CROSSING, 2023, Marbre de Carrare, 40kg, Photo oeuvre : Stefano Baroni, Photo portrait : Jurgen Streitberger

CLOUD CROSSING, 2023, Marbre de Carrare, 40kg, Photo oeuvre : Stefano Baroni, Photo portrait : Jurgen Streitberger

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter