Sandra Resende
Sandra Resende

Sandra Resende

D’Sandra koum 1973 am Mosambik op d’Welt. Si huet d’portugisesch Naitonalitéit, lieft a schafft awer zanter 2005 zu Lëtzebuerg. Nieft hirem Studium op der Universitéit zu Coimbra absolvéiert si an der Studentevereenegung eng Theaterausbildung. Mat hirem Philosophie-Diplom an der Täsch decidéiert si, sech der Theaterkonscht ze widmen.

Hir Aarbecht ronderëm d’Textilie konkretiséiert sech e puer Joer méi spéit, wou si als Autodidaktin Techniken entwéckelt. Hir Theatererfarung bréngt si dozou, visuell Geschichten ze verzielen, andeem si abstrakt Sujeten a poetesch Biller wieft, an deenen d’Bezéiung zu deem aneren, d’Erënnerung an d’Imperfektioun present sinn. Den Dialog tëschent der Matière an hiren Hänn léist an hir selwer eng Entwécklung aus. Hire Credo: Mir stellen eis permanent Froen. Zu hiren Aarbechtsberäicher zielen Tapisserie, Wiewen, Broderie, Heekelen a Knëppen. D’Schaffe mat verschiddenen Techniken a mat ënnerschiddleche Materialer a Supporte verschaaft hir eng Ouverture an d’Fräiheet, net an enger Kategorie festzestiechen. Am léifste schafft si mat natierlechen, recycléierten an nei verwäertbare Fasere wéi Léngent genee ewéi mat Echantillone vu Riddos- a Miwwelstoffer, déi am Handel net méi gebraucht ginn.

La durée, 2023, fils de jute, lin, ortie, chanvre, laine, coton et soie, racines d’arbre, bois de chêne, 70 x 90 cm, Photos : Keven Erickson / LaLa La Photo

La durée, 2023, fils de jute, lin, ortie, chanvre, laine, coton et soie, racines d’arbre, bois de chêne, 70 x 90 cm, Photos : Keven Erickson / LaLa La Photo

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter