Schelling Margarete
Schelling Margarete

Schelling Margarete

D’Margarete Schelling ass eng Schmuckdesignerin, déi zu Noirmoutiers an zu Lëtzebuerg lieft an hir Konscht ausüübt. D’Margarete ass Member vum AAPL an huet en Diplom vun der Académie des Beaux-Arts vun Arel, Sektioun Bijouterie, ënnert der Direktioun vum Claire Lavendhomme, dem Patrick Marchal an dem Arnaud Sprimont. Si huet hir Praxis am Kader vu Stagen, vun Estland bis a Spuenien, perfektionéiert, an a verschiddene Länner wéi der Belsch, Frankräich oder Italien ausgestallt.

Beim Flanéieren a Glanne staunt a freet sech d’Kënschtlerin ëmmer nees iwwer d’Saachen, déi si op hire Reesen a Ausflich fënnt. Dës Emotiounen iwwerdréit si dann an hir Bijouen. Eng Glasschierbel oder e Stéck Plastik – „wäertlos” Saachen, agesammelt op alle méigleche Plazen – kënnen esou, heiansdo spuersam mat kostbare Matièrë verziert, en zweet Liewe kréien an hir Schéinheet, hir Magie, entfalen.

Fir dës Ausstellung léisst d’Kënschtlerin d’Erënnerung un d’Stolindustrie am Grand-Duché nei opliewen. Hir Wierker kombinéieren Opname vun Industrievestigen a Fotoe vun der Kënschtlerin, déi uschléissend op Metall, Zénk oder Koffer iwwerdroen a gravéiert an duerno ausgeschnidde ginn, an da schlussendlech mat fonnten Objeten oder Steng zesummegesat an a Brosche montéiert ginn.

Hommage, 2023, gravure sur zinc, pierre, argent, acier inoxydable, 45 x 45 mm

Hommage, 2023, gravure sur zinc, pierre, argent, acier inoxydable, 45 x 45 mm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter