Sophie Meyer
Sophie Meyer

Sophie Meyer

D’Sophie Meyer, 1989 zu Lëtzebuerg gebuer, huet no hirem Oofschloss vun der SecNon Beaux Arts am Lycée des Arts et MéNers en Bachelorstudium am Kostümdesign op der Hochschule Hannover absolvéiert. Dono ass si weidergaang op London an huet um London College of Fashion e Master am Costume Design for Performance gemaach. Niewent hirem Studium huet si am Theater an Film zu Lëtzebuerg, an Däitschland an an England gescha`.

Seit 2019 scha` si als Kostümbildnerin zu Lëtzebuerg an kreéiert undobar Konschtwierker. Op der Sich no neien Materialien, fir hir eegen Texturen hirzestellen, huet d’Sophie ëmmer méi no onkonvenNonellen a manipuléierten Materialien gegraff an hir Kostümer an e kreaNven Dialog zwëschent der tradiNoneller Handwierkskonscht an alternaNven Methoden a Materialien verwéckelt. Nohaltegkeet spillt fir si eng grouss Roll an definéiert hiren Design-Prozess. An vill vun hiren Konschtwierker sinn Stoffreschter an recycléiert Materialien mat abezunn. Sie fënnt hir InspiraNon an hirem Entourage oder am Material selwer fir hier drobar Konschtwierker ze realiséieren.

D’Sophie kombinéiert hir Ausbildung am historeschen Patron an Kostümer hierstellen mat modernen Materialien an modernen Werter. Sie léisst sech oM vum Material guidéieren an benotzt eng Vilfalt vun Techniken, ausgoend vun detailléierten Broderien bis hin zu méi fräien an experimentellen Techniken aus der ganzer Welt.

D`Musel, 2023, Corset : soie teintée à la main et coton, fil de coton, fil d`argent, os de baleine synthétique, buste : coton et chêne, L 40 x P 30 x H 60 , Photo portrait : Carlo Meyer

D`Musel, 2023, Corset : soie teintée à la main et coton, fil de coton, fil d`argent, os de baleine synthétique, buste : coton et chêne, L 40 x P 30 x H 60 , Photo portrait : Carlo Meyer

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter