Vania Mendanha
Vania Mendanha

Vania Mendanha

D’Vânia Mendanha, gebuer zu Forjães-Esposende (Brasilien), huet en Diplom vun der Faculté des Beaux-Arts vu Porto (FBAUP). Si hëlt reegelméisseg u Gruppen- an Eenzelausstellungen deel a gëtt zanter 2002 Visual-Art-Coursen an der International School zu Lëtzebuerg. D’Kënschtlerin kreéiert Wandmolereien, Medailen a Coupen, dorënner d’Coupe vum Sportsgala an Angola, vun där e vergoldent Exemplar fir de President vun dësem Land hiergestallt gouf. E puer vun hire Wierker, déi si an Zesummenaarbecht mat hirem Papp an hirem Brudder kreéiert huet, sinn op ëffentleche Plazen ausgestallt: Homo-Viator (Barcelos), De Mann aus dem Mier (Insel Madeira), Dom Afonso Henriques (Rio de Janeiro) an e Monument zu Éiere vum „Fabrice Miguet” (Normandie). 2022 zeechent de „Luxembourg Art Prize” si mat engem Certificat fir kënschtleresch Verdéngschter aus.

All hir Wierker sinn autobiografesch a stellen eng Erweiderung vun der Kënschtlerin hirem Kierper, hiren Iddien a Suergen duer. Dës Theeme spigele sech och an de gedréckten an ausgeschnidde Wierder erëm, an de Gipscouchen, déi sech iwwerlageren, an den onfäerdege Fragmenter vum weibleche Kierper, an de Schieter, déi d’Luucht am Banneraum vun de metallesche Strukture schaaft. Déif an dëse Strukture versicht d’Vânia, d’Dualitéit vun der Appartenance zesummenzeféieren, d’Plaz wou si lieft an déi, wou si hierkënnt, Lëtzebuerg a Portugal: dat sinn hir Territoiren.

Metempsychose 2, 2023, Résine avec fibre de verre et acier corten, 50x55x35cm

Metempsychose 2, 2023, Résine avec fibre de verre et acier corten, 50x55x35cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter