Wolter Monique
Wolter Monique

Wolter Monique

 

D’Monique Wolter ass eng lëtzebuergesch Glaskënschtlerin, déi hire Stil an hiert Fachwëssen am Laf vun hirer jorelaanger Ausbildung am Ausland bei verschiddenen internationale Kënschtler an Éisträich, an der Schwäiz, an England an an Amerika opgebaut huet a sech mat Technike wéi Thermofusioun, Glaspast oder d’kontrolléiert Zesummefale vu geschmoltenem Glas vertraut gemaach huet. Si gëtt am Joer 2020 Member bei der Handwierkskummer zu Tréier (Däitschland) a gëtt am Musée vun der Geschicht vum Glas zu Jacobshof (Holland) ausgestallt.

Am Zesummenhang mam Theema vun dësem Joer daucht d’Kënschtlerin an d’Erënnerunge vun hirer Kandheet zu Esch-Uelzecht, der Eisemetropol, an, fir d’Faarwe vun hirem Patrimoine an hirem plurikulturelle Räichtum zum Ausdrock ze bréngen. Esou gëtt d’Erënnerung un dëse Buedem an un d’Minièren duergestallt a gläichzäiteg d’Mixitéit vun den auslännesche Bevëlkerungsgruppen duerch d’Iwwerlagerung vu Materialer ënnerstrach, déi harmonesch an dëse geschmoltenen an thermogeformte Glasschosselen zesummegefouert goufen.


 

Terre Rouge Memories, 2023, verre, 13 x 13 x 10 cm, Photo portrait : Jean-Paul Kohnen

Terre Rouge Memories, 2023, verre, 13 x 13 x 10 cm, Photo portrait : Jean-Paul Kohnen

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter