Alex Muller
Alex Muller

“Seng Erausfuerderung gesäit hien dodran d´Material Leem bis un Grenzen auszereizen.”

Alex Muller

Den Alex Muller, Joergang 53, zu Lëtzebuerg gebuer, kënnt aus enger Handwierkerfamill an interesséiert sech zënter senger Kandheet fir Konscht an Handwierk. Vun 1974 bis zu senger Pensioun huet hien bei den CFL geschafft . Vill Stonnen vun senger Fräizäit huet hien benotzt fir sech handwierklech a kreativ weiderzebilden. Duerch säi Konschtprofesser Georges Fautsch aus dem LCD huet hien 1975 Bekanntschaft mam Leem gemaach . Eng Faszinatioun an eng Begeeschterung zu engem Material, déi hien net méi lass gelooss hunn.


Seng Erausfuerderung gesäit hien dodran d´Material Leem bis un Grenzen  auszereizen. Bei sengen rezenten Skulpturen gesäit een d’Inspiratioun  duerch säi Papp, deen Schmadd a Schlesser war, a sécher huet de „Mr Hublot“  och säin Deel dozou bäigedroen. Fir seng Skulpturen huet hien déi selwecht Techniken wéi ee Schlesser ugewannt, a fir dat d‘Skulpturen genau sengen Virstellungen entspriechen, schafft hien och  vill mat Moulagën.

PHOTO: ©Spuerkeess-FlavieHengen
DROCKKESSEL, 2017, céramique

PHOTO: ©Spuerkeess-FlavieHengen DROCKKESSEL, 2017, céramique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter