Anne-Claude Jeitz
Anne-Claude Jeitz

“Le verre représente selon eux l’immatérialité du souffle, le geste élégant qui traduit au mieux la richesse et la profondeur des sentiments qu’ils offrent à partager.”

Anne-Claude Jeitz

D’Anne-Claude Jeitz, zu Esch-Uelzecht gebuer, zënter 1987 selbstänneg Kënschtlerin, an hire Mann, den Alain Calliste, zu Willemstadt a Frankräich gebuer an zënter 2011 hu vun 2003 bis 2019 zesummen an hire jeeweilegen Ateliere mat Glas geschafft. Räich un Erfarungen duerch vill Reesen a Begéignungen, huet d’Anne-Claude Jeitz zënter laangem d’Glas als Support gewielt, fir hire schaarfen, doucen a generéise Bléck op d’Leit an op d’Saachen ze weisen an ze deelen. Déi zwee Kreateure notzen mat enger perfekter Maîtrise déi verschidden Techniken, fir d’Glas ze verschaffen, ënner anerem déi vum «Filage», eng Zort Verspannen, mat där se onbeschreiflech organesch Strukture schafen, lëfteg an duerchsiichteg Gitterstrukturen, wéi reng gewiefte poetesch Momenter. Déi Skulpturen, déi u Spëtzt erënneren, stellen dat Immateriellt vum Otem duer, den elegante Geste, deen am beschten de Räichtum an d’Déift vun de Gefiller ausdréckt, déi si wëllen deelen.

D’Technik vum gesponnene Glas gëtt hir d’Méiglechkeet, hir Emotiounen a Poesie auszedrécken. Duerch d’Beaarbechtung mam Schweessbrenner wëll si eis hir Leidenschaft an hir Liewensfreed matdeelen an eis un déi einfach Saache vum Liewen erënneren. Zanter 2021 huet si am Kader vun engem Stage beim Jörg Hannowki d’Technik vum Glasblose mam Schweessbrenner perfektionéiert.

Libre arbitre, 2023, Verre borosilicate soufflé au chalumeau, environ 80cm longeur , ⌀ 5 cm d’une pièce x 15 cm hauteur, environ 100 pièces assemblées, Photo oeuvre : Pierre Peyronnet

Libre arbitre, 2023, Verre borosilicate soufflé au chalumeau, environ 80cm longeur , ⌀ 5 cm d’une pièce x 15 cm hauteur, environ 100 pièces assemblées, Photo oeuvre : Pierre Peyronnet

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter