Anne-Marie Herckes
Anne-Marie Herckes

“L’art en version miniature d’Anne-Marie Herckes est lié à la mode contemporaine.”

Anne-Marie Herckes

D'Anne-Marie Herckes, 1978 zu Lëtzebuerg gebuer, huet Moudestilistin op der Académie Royale des Beaux-Arts vun Antwerpen an op der Universität für angewandte Kunst zu Wien studéiert. Si huet hir berufflech Erfarunge bei Victor&Rolf, Kostas Murkudis, Ute Ploier, the girl and the gorilla gemaach, a schliisslech 2006 hir eege Mark fir Bijouen an Accessoirë kreéiert. Si schafft mam MUDAM (Lëtzebuerg), ColetteXGap (Paräis/New York) a Missoni (Japan) zesummen.

Dem Didier Damiani (2008) no ass "der Anne-Marie Herckes hir Konscht a Miniaturversioun un déi zäitgenësschesch Moud gebonnen. Mat Broschen, déi Launen a Stiler erëmginn, erlaben hir Bijouen et, sech heiansdo Tenuen unzëeegnen, déi soss inaccessibel sinn oder si resuméieren en Typ vu Garderob. Bal wéi "Mini-Vestiairen" sinn déi Miniatur-Kollektiounen an op Mooss recomposéiert Panoplië vun der jonker Stilistin representativ fir grouss Moudehaiser, fir Perséinlechkeete mat enger identifizéierbarer Allure oder fir Meeschterstécker vun der Saison. D'Anne-Marie Henckes deeft hir Creatiounen a Bijouen, andeems si en Hiweis gëtt op d'Inspiratiounsquell an andeems se sou hiert neit Wierk personnaliséiert an et eenzegaarteg an originell mécht."

Broche coquelicot, 2023, Cuir et perles swarovski, 4x9cm, Photos : Laurent Daubach

Broche coquelicot, 2023, Cuir et perles swarovski, 4x9cm, Photos : Laurent Daubach

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter