Marie-Isabelle Callier
Marie-Isabelle Callier

“Sou wéi d'Fläch vum Holz sametteg ass, sou spillt déi vum Pabeier mat der Duerchsichtegkeet.”

Marie-Isabelle Callier

D'Marie Callier, 1970 gebuer, diploméiert an Arts Plastiques-Illustrations (St Luc, Bréissel, 1991), moolt a stellt zënter 1996 aus. 2002 ginn d'Molerei an d'Jugendbicher hir Haaptaktivitéit. Hir Albume fir Kanner si vu verschiddene Verlagshaiser an Associatioune verëffentlecht ginn. Nodeem si mat ville verschiddenen Techniken experimentéiert huet,  huet si de Wuess entdeckt, deen hiert Medium gëtt.


Am Ufank huet si de Wuess agesat fir ze verstoppen oder am Géigesaz dozou, bestëmmten Deeler vun hirer Aarbecht ze enthüllen, a klengen Hefter, wou si mat der Liesbarkeet vun Texter oder verstopptene Biller gespillt huet. Duerno, mat de Joren, gëtt de Wuess de Support, op dee si moolt. Waarm op japanesche Pabeier opgedroen (Beiewuess) oder wéi lo rezent op hëlze Panneauen ("cire encaustique"): Sou wéi d'Fläch vum Holz sametteg ass, sou spillt déi vum Pabeier mat der Duerchsichtegkeet. Duerch de Wuess fënnt d'Indigo-Aquarell hire Wee net. Si fléisst, verleeft a pärelt of; mol als ganz dicht, mol als ganz reng Couche entstinn esou zoufälleg a geheimnisvoll Texturen. Hir Wierker sinn zu Bréissel, Lëtzebuerg, Washington, Shanghai a Singapur ausgestallt ginn. Si lieft a schafft zu Lëtzebuerg.

PHOTO: ©Spuerkeess - Flavie Hengen
INTO THE WOODS,2018, papiers japonais, cire, aquarelle, medium, cadres chêne

PHOTO: ©Spuerkeess - Flavie Hengen INTO THE WOODS,2018, papiers japonais, cire, aquarelle, medium, cadres chêne

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter