Stefania Atanasiu
Stefania Atanasiu

Stefania Atanasiu

 

D'Stefania Atanasiu, Broderieskënschtlerin, gouf 1975 zu Bukarest a Rumänie gebuer a lieft zanter 5 Joer zu Lëtzebuerg. Si ass diploméiert am Droit an huet viru 6 Joer, inspiréiert vun den traditionelle rumänesche Blusen, mat der Broderie ugefaangen. Si ass Autodidaktin a Member vun der Associatioun „Semne Cusute“ (Bitzzeechen), mat där si och schonn un internationalen Ausstellungen deelgeholl huet.

D’Wierk, dat si entworf huet, ass eng festlech Blus, mat enger üppeger Broderie op der Schëller, en Element, dat viru Kuerzem an den immaterielle Patrimoine vun der UNESCO opgeholl gouf. Si huet sech un den traditionelle Schnëtt vun de rumänesche Bluse gehalen, sou wéi en an den Dokumenter festgehalen an och an den ale Kleedungsstécker, déi a Muséeën erhale ginn, ze gesinn ass.

Als Stoff gëtt Léngent benotzt. D’Broderie gëtt ausschliisslech op der Hand gestéckt, mat extra rengem Merino-Zwier, ergänzt mat e puer faarwegen Akzenter aus Seid a Metallfuedem an zwee Goldtéin a gëllene Pailletten.  Déi opgestéckte Motiver si geometresch, stiliséiert a repetitiv. D’Motiv, dat am meeschte widderholl gëtt an op der Bordür vun de Schëlleren an den Äerm am meeschten ervirstécht, gëtt an der rumänescher Vollekskultur „Hiertekrop” genannt. Et besteet aus zwou opposéierte Spiralen, déi awer matenee verbonne sinn, fir d’Verbindung tëschent dem Fortgoen an dem Zeréckkommen, dem Ufank an dem Enn, dem Verléieren an dem Zeréckfanne besser auszedrécken ... eng Zort onendlecht


 

Byzance après Byzance (détail), 2023, Chemise avec broderie fait à main en fil de merino, fil de soie, fil metallique, avec pailletes en or sur tissu de lin, 65x65x186 cm, photo oeuvre : Raluca Caranfil, photo portrait : Raluca Săvulescu

Byzance après Byzance (détail), 2023, Chemise avec broderie fait à main en fil de merino, fil de soie, fil metallique, avec pailletes en or sur tissu de lin, 65x65x186 cm, photo oeuvre : Raluca Caranfil, photo portrait : Raluca Săvulescu

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter