Rol Backendorf
Rol Backendorf

Rol Backendorf

De Rol Backendorf, 1961 zu Péiteng gebuer, kritt 1979 säin CATP als Eisendréier op der ARBED a schafft duerno bei den CFL. 1988, no 7 Joer als Eisendrechsler an den Ateliere vun den CFL, mécht hie sech selbstänneg a fänkt un, Fantaisiesbijouen ze fabrizéieren. Dat Joer drop mécht hien eng pädagogesch an artistesch Formatioun an der Zirkusschoul zu Bréissel. Mathëllef vun der Chambre des Métiers an dem Kulturministère lount hien en éischten Atelier, fir seng Konschtpassioun als richtegen Autodidakt auszeliewen. De Rol Backendorf ass Vizepresident vun der ARC Kenschtlerkrees asbl, Administrateur vun der VIART asbl a Speezialist am Lycée Ermesinde säit 2010.

2010 huet hie säin Atelier op der „Becher Gare“. Andeems hie verschidde Materialie mat Eise kombinéiert, gëtt de Rol dem Eisen eng Charakteristik, déi em feelt: d‘Liichtegkeet. Hie konzentréiert seng Recherche op déi kinetesch Effekter vum Inox a schafft eng Schläiftechnik aus, fir Mauerskulpture mat illusionisteschen an dräidimensionalen Effekter ze schafen. Hien entdeckt an entwéckelt d‘Anodiséierung op Titan weider, fir Faarf dobäizeginn, soudass seng Wierker sech jee no Luucht a jee nom Point-de-vue vum Spectateur verwandele kënnen

Multicolor, 2019, titane anodisé, 36x30cm

Multicolor, 2019, titane anodisé, 36x30cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter