Zaiga Baiza
Zaiga Baiza

Zaiga Baiza

D'Zaiga Baiža, 1964 zu Riga a Lettland gebuer, lieft zënter 20 Joer zu Lëtzebuerg. An hirem Atelier zu Aasselbuer schafft si mam Lëtzebuerger Artist Robert Emeringer fir ëffentlech Optreeg an d'Restauratioun vu gliesenen Objeten a Fënsteren. D'Zaiga huet Skulptur, Molerei a Glasdesign studéiert an huet e Master an der Konscht vun der Konschtakademie vu Lettland. Fir déi verschidden Techniken ze entdecken, war si op der Konschtakademie vu Lviv an der Ukraine an op der Experimental Glass Factory Lviv. Zënter 2006 organiséiert si de Festival International du Verre zu Lëtzebuerg grad wéi divers aner international Ausstellungen.

D'Zaiga sculptéiert gär d'Glas, duerchsiichteg, hell, schwéier an awer sou liicht, lëfteg a magesch. Hir Kreatiounen entstinn aus verschiddenen Techniken wéi Glaspast, Thermoformung, Gravure, Molerei a Glasgéissen. Si kombinéiert besonnesch gär d'Glas mat anere Matièrë wéi Metall, Steen oder Keramik an engem aussergewéinlechen, bal feeënhaften Zesummespill, dat déi verrécksten Expressiounen erlaabt, dat d'Dieren opmécht fir déi fantasievollst Dreem an dat méiglech an onméiglech Kombinatiounen erlaabt.

D’Serie „ALTERNATIVE“ ass eng Mëschung aus strenge metallesche Linnen a mysteriéise Glasspillereien.

ALTERNATIVE, 2022, verre et acier inox, H24,5cm, 50x37cm, Photo portrait : Luize Emeringer

ALTERNATIVE, 2022, verre et acier inox, H24,5cm, 50x37cm, Photo portrait : Luize Emeringer

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter