Doris Becker
Doris Becker

Doris Becker

D'Doris Becker ass zu Lëtzebuerg gebuer, si lieft a schafft zu Fëschbech (LU). Si huet op verschiddene Schoulen an Akademien zu Lëtzebuerg, an der Belsch an an Däischland studéiert an do och spezialiséiert Stagë gemaach. Zënter 2006 hëlt si reegelméisseg un internationalen Ausstellungen a Concourse grad wéi un internationale Symposien deel. Fir hir Aarbecht krut si schonn eng Partie Präisser; et fënnt ee se an diverse Sammlungen a Publikatiounen.

D’Keramikskulpturen aus der Serie „Origins” symboliséieren de mytheschen a mageschen Akt vu gebuer a rëmgebuer ginn. D’Ee ass momentan, a schonn zanter enger Zäit, d’Haapttheema vum Doris sengem kënschtleresche Schafen. Mat senger perfekter Form fënnt een d’„Ee” a ville Mythologien a kulturellen a reliéisen Traditiounen als Symbol vun der Kreatioun an der Produktivitéit an als Ausdrock vun der Gebuert an der Reproduktioun vun engem neie Liewen. D’Spueren an déi verschidde Bréch a Verletzungen, déi op der Baussen- oder Bannesäit vun den Eeër ze gesi sinn, weisen op dës permanent an zerstéierend Metamorphos vun eisen Territoiren hin ...

Mat hirem Liblingsmaterial, dem Leem, ka si déi eenzegaarteg Form vum Ee metamorphoséieren. Rëss a Kräck baussen an/oder banne spigelen archeologesch Spueren oder Legenden erëm.

 

Origins serie 2023 - I, 2023, grès,oxydes,métaux

Origins serie 2023 - I, 2023, grès,oxydes,métaux

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter