Bela Silva
Bela Silva

“Eng kloer Interaktioun tëscht der klassescher Mythologie an der barocker Ästhetik spigelt sech an hire Wierker, déi hiert Eegeliewen entwéckelen a lieweg Erzielunge schafen.”

Bela Silva

Obwuel si zu Lissabon gebuer ass, ass d‘Bela Silva eng Weltebiergerin. Hir Studien zu Norwich an zu Chicago an hir vill international Ausstellungen hu si a vill verschidde Stied geféiert. Si exploréiert eng breet Palett vu Supporten, bleift awer haaptsächlech op Keramik fokusséiert. Hir Sammlung besteet aus grousse Piècen, déi si méi als konzeptuell a   charakteristesch ugesäit, an aus méi klenge Piècen, déi dekorativ a funktionell sinn.


D‘Bela inspiréiert sech an esou diverse Welte wéi déi vun den Nippfiguren, déi si op Floumäert a bei Antiquairen entdeckt, bis bei déi vu Konschtwierker a Muséeën. Eng kloer Interaktioun tëscht der klassescher Mythologie an der barocker Ästhetik spigelt sech an hire Wierker, déi hiert Eegeliewen entwéckelen a lieweg Erzielunge schafen. Déi Wierker  verlaangen net nëmme manuell Aarbecht an Zäit vun der Bela Silva, mä de weesentleche Bestanddeel vun hirer Recherche bleift hir onermiddlech Fantasie. Hir Wierker goufen ënner anerem zu Lissabon, Chicago a Brasilien ausgestallt.

PHOTO: ©Margaux Nieto courtesy of spazio Nobile
CHOUX DE BRUXELLES, 2018, céramique

PHOTO: ©Margaux Nieto courtesy of spazio Nobile CHOUX DE BRUXELLES, 2018, céramique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter