Biennale "De Mains De Maîtres Luxembourg“ – Aféierung vun der Editioun 2018 – vum 29. November bis den 2. Dezember

28/02/2018

Nom grousse Succès vun der éischter Editioun vun der Ausstellung „De Mains De Maîtres“ am Dezember 2016 an an der Optik, de Kënschtler a Konschthandwierker ze hëllefen, hir Beruffer z’erhalen an hinnen eng Plattform ze schafen, gouf am Mee 2017, op Initiativ vun der Ierfgroussherzogin Stéphanie, an an Zesummenaarbecht mat der Chambre des Métiers vu Lëtzebuerg, der Spuerkeess an dem Här Roland Kuhn d’Associatioun „De Mains De Maîtres Luxembourg“ an d’Liewe geruff.

D’Editioun 2018 vun der Biennale „De Mains De Maîtres“ ass vum 29. November bis den 2. Dezember, an dat am eenzegaartegen historesche Kader vum „19 Liberté“ vun der Spuerkeess, de renovéierte prestigiéise Raimlechkeete vun der fréierer Arbed um Rousegäertchen.

Déi éischt Missioun vun der Associatioun ass et, der Ausstellung „De Mains De Maîtres“ eng fest Plaz ze ginn an se esou zu enger reegelrechter „Biennale vum Konschthandwierk“ ze maachen, déi uechter ganz Europa Brécken tëscht den Acteure schaaft an déi iwwer d’Grenzen eraus bekannt gëtt.

Biennale "De Mains De Maîtres Luxembourg“ – Aféierung vun der Editioun 2018 – vum 29. November bis den 2. Dezember
Biennale "De Mains De Maîtres Luxembourg“ – Aféierung vun der Editioun 2018 – vum 29. November bis den 2. Dezember

Hutt Dir eng Fro iwwer d'Associatioun "De Mains De Maîtres Luxembourg"?

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter